Search

You may also like

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
International Kultur Neiegkeeten

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring
International Kultur Neiegkeeten

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?
International Kultur Neiegkeeten

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?

Um Mëttwochnomëtten hunn de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch am Pressebriefing d‘Aussiichten

Déi 3. Editioun vum Digital Day zu Bréissel !

Déi 3. Editioun vum Digital Day zu Bréissel !

Gëschter huet déi 3. Editioun vum Digital Day an der belscher Haaptstad Bréissel stattfonnt. Bei dësem digitalen Dag, dee vun der europäescher Kommissioun organiséiert ginn ass, ass ganzer der Traditioun no nees eng wichteg Deklaratioun zur Entwécklung vun der digitaler Gesellschaft ënnerschriwwe ginn.

An dësem Joer ass et ëm d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter an der digitaler Welt, sou wéi ëm d’Digitaliséierung vun der Landwirtschaft, de ländleche Géigenden an dem kulturelle Patrimoine gaangen. Och de Grand-Duché huet zu dësem speziellen Evenement nees d’Deklaratioun ënnerschriwwen, wouduerch och déi europäesch Kooperatioun am Beräich vun der Realisatioun vun digitale Prioritéiten ënnerstëtzt gëtt.

Den Ambassadeur Patrick Engelberg

Gläichstellung vun de Geschlechter: Och an der digitaler Welt muss ee géint d’Ënnerdréckung vun der Fra ukämpfen. D’Signatairen engagéiere sech duerch d’Deklaratioun an der Zesummenaarbecht vun den Autoritéiten, vir dëse Problem unzepaken. Europäesch Staaten sinn domat verflicht eng national intersektoriell Strategie unzewenden.

An dësem Kontext gëtt een europäeschen Dag fir Meedercher a Fraen am Secteur vum ICT geplangt. Mat dem Ënnerschreiwe vun der Deklaratioun soll ee sech och engagéiere fir eng méi ausgeglache Kompositioun vu Männer a Fraen op der Aarbecht ze gestalten. Zu gudder Läscht ass eng Reunioun fir Ministeren nächst Joer festgesat ginn, fir sech de Progrès unzekucken.

Landwirtschaft: Duerch d’Deklaratioun gëtt och d’Potential vun neien Technologien an der Landwirtschaft ugesinn, wat sech virun allem um ekonomesche, soziale, klimateschen an ëmwelttechneschen Niveau bemierkbar maache wäert. Sou soll d’Kooperatioun ronderëm déi 3 Piliere gestäerkt ginn: d’Recherche, d’Innovatioun sou wéi eng europäesch Plattform fir innovativ Léisungen am landwirtschaftleche Beräich ze entwéckelen.

Ziel ass et, d’Notzung vun neien Technologien unzereegen an awer den europäesche Modell vun de Familljebetriber oprecht ze erhalen. D’Signatairen erwaarden sech esou méi eng effikass ekonomesch an ëmwelttechnesch Situatioun, wat aus enger besserer Notzung vun de Ressource resultéiere sollt.

Den digitale Patrimoine: Uschléissend ass och vun der Dynamik vum europäesche Joer vum kulturelle Patrimoine 2018 profitéiert ginn. D’Signatairen hunn heibäi versprach hir Beméiungen ze verduebelen, fir esou europäesch Initiativen am Beräich vun der Digitalisatioun vun 3D Artefakten, Monumenter a kulturelle Sitten ze entwéckelen. Heivir solle Methoden a Standarts opgestallt ginn, déi déi néideg kulturell Ressourcen hierginn, sou datt och d’Bierger sech engagéieren an den innovativen digitale Patrimoine gefërdert gëtt.

Opmaacherbild: Patrick Engelberg, Ambassadeur © Europäesch Kommissioun

Related topics Bréissel, Digital Day, Digitalisatioun, Patrick Engelberg
Next post Previous post