Search

You may also like

Covid19: Nach ëmmer ze vill Verstéiss
International Neiegkeeten Stories

Covid19: Nach ëmmer ze vill Verstéiss

Eigentlech ass et net novollzéibar, an deels esouguer verwonnerlech, well

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen
International Neiegkeeten Stories

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Eigentlech hat sech de gréisste Leader an der Geschicht vun

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert
International Neiegkeeten Stories

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert

Zanter Enn Oktober gëtt et zu Biissen eng nei politesch

330.000 Affer bannent 70 Joer!

Laut der onofhängeger Kommissioun zu de sexuellen Abuse bannent der kathoulescher Kierch am Frankräich, waren 80% vun den Affer Bouwen, dat am Alter vun 10 bis 13 Joer

330.000 Affer bannent 70 Joer!

All d‘Relioune vun dëser Welt stellen sech als Wiechter vu Moral an Dugend op, dobäi ass alles Gelunn a Makulatur. Si sinn ëmmer Deel vun de systemesche Verbriechen, wann se sech net aktiv dru bedeelegen, oder den Ausléiser fir d‘Verbrieche sinn. Dat gëllt esou och fir déi kathoulesch Kierch am Frankräich, wou sech keen dëst Ausmooss vun der Sauerei erwaart hat.

Gëschter huet de President vun der onofhängeger Kommissioun zu de sexuellen Abuse bannent der kathoulescher Kierch am Frankräich „CIASE“, Jean-Marc Sauvé, den Untersuchungsbericht zur Enquête, betreffend d‘Pedophilievirwërf bannent der kathoulescher Kierch, virgestallt. Eppes muss betount ginn: et handelt sech de genannten Zuelen nëmmen ëm virsiichteg „Héichrechnungen“.

Entspriechend dem Jean-Marc Sauvé, huet et 216.000 direkt Affer vu Geeschtlechen, 114.000 Affer géifen op de Kont vun de „reliéise Mataarbechter“ (bsp. Katecheten) goen. Achzeg Prozent vun den Affer si Bouwen tëscht 10 an 13 Joer, bei de Meedercher, déi jo awer nach 20% ausmaachen, wier een net esou wieleresch gewiescht wat den Alter ugeet. E Drëttel vun de Fall si Vergewaltegungen.

CIASE

Fir de Grënner vum Verband vun den Affer vun der franséischer kathoulescher Kierch: „La Parole Libérée“, François Devaux, hat et no der Presentatioun nëmmen eng Message un d‘Adress vum reliéise Management: „Dir musst fir all dës Verbrieche bezuelen!“. Dat ass eng Fuerderung, déi a sämtleche Länner opkomm ass, an deenen et zur „Opklärung“ koum, awer net kann erfëllt ginn.

Engersäits steet de Glawen, egal wéi enger Natur, iwwert dem normale Mënscheverstand an en domme Mënsch, wann hien et net besser weess muss wuel gleewe wat him agetriichtert gëtt. Dat gehéiert zur de Fakten a gëllt och weiderhin, wéi aus der Interventioun vum Jean-Marc Sauvé, ze enthuelen ass: „De Problem besteet weider“, esou de President vun der Mëssbrauchskommissioun.

Eng kuerz Analys

Am Kontext vun de Verbrieche vun der réimesch-kathoulescher Kierch, ass de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendleche global betruecht, wuel nëmmen „en Detail“, a Frankräich – engem Land an deem „Laizismus“ Gesetz ass – konnt sech jo elo awer net gänzlech vun allen aneren, wou dann d‘Kierch „Staatsrelioun“ war, differenzéieren. Gewalt géint Kanner an Schutzbedierftege waren a sinn an der kathoulescher Kierch ee sougenannten „operative“ Standard. Bei deenen aneren och!

Glawen ouni Gewaltausübung, dat geet net an et ass och gewosst, datt wann een Mënschen eng gewësse Muecht gëtt, déi dës och voll notzen. Kanner Mëssbrauchen, besonnesch wann dëse séier kloer gëtt, datt si sech net kënne wieren, well egal wéi, ëmmer nëmmen hinne gegleeft gëtt, gëtt esou zur eklesiastescher Fräizäitbeschäftegung. Wann een iwwert d‘Strengt schléit, wiesselt een de Bezierk an dank dem Engagement an d‘Jugendaarbecht, ginn der Kierch d‘Affer jo och net aus.

CIASE

Frankräich ass dann och keen Eenzelfall (mir hu widderholl bericht) an et ass interessant op der Kierch hir grouss Léift an Affinitéit géintiwwer Diktatoren an Autokraten dierfen hinzeweisen. Spuenien ass eng vun de schéine Beispiller: hei hat sech déi réimesch-kathoulesch Kierch mam Generalissimo Franco – ee Vollblutt-Faschist mat Gottes Segen – verbriddert. No sengem dout an eppes „Opklärung“ hunn d‘Leit der Kierch de Réck zougewannt, d‘Moral huet eng nei Grondlag.

Dat wäert esou och der franséischer Kierch dreeën, déi ongewollt ze verstoe ginn huet, datt een déi gefuerdert Affer-Entschiedegungen, iwwert Donen/Spende wéilt ofwéckelen. Dat gëtt elo awer hei als Opfuerderung zum Austrëtt verstanen. Vill Bistumen an den USA an an Australien hu missen de Wee vun der Insolvenz goen, well si d‘Entschiedegung déi hinne vu weltleche Geriichter operluecht goufen net finanziell gestäipt kruten. Klengt schlëmm, ass et awer net, déi sinn nach ëmmer all do.

Randnotiz:

Wien elo déi blank Zuel vun 330.000 Affer iwwer 70 Joer net richteg ze deite weess, hei emol eppes Opschlësselung: 330.000 Affer iwwert dësen Zäitraum erginn ee Joresduerchschnëtt vu 4.714 Verbriechen oder 13 Mëssbrauchsaffer den Dag. De kierchleche Management huet an iwwer 90% vun de Fäll iwwert d‘Fakten an d‘Aktioune Bescheed gewosst, mee ëmmer derzou geschwigen.

CIASE

U sech verständlech, mussen se dach selwer déi ongeheier Facilitéit vum Mëssbrauch, dank eng gesënnerter Stellung bannent enger vu Relioun dominéierter Gesellschaft, genotzt a wuel och gefërdert hunn. Déi réimesch-kathoulesch Kierch gesäit jo bis haut net an, firwat si oder Leit aus hirer Organisatioun sech viru weltleche Geriichter ze veräntwerten hätten. Deen eenzege Riichter wou d‘Kierchen unerkennen ass ee Gott, dee si eegens zur Rechtfäerdegung erfonnt hunn.

Et sollt een allerdéngs och dierfen ënnerscheeden, tëscht deem wat engem als „Léieren“ oder sougenannte „Maxime“ vun alle Relioune virgeluecht gëtt. Villes dovunner dierft een esou jo unhuelen, woubäi een dann awer de Mënsch nees net u sengen dogmatesch gepräägten Aussoen, dofir awer u sengen Doten an direkte Bezuch op d‘Ausso an/oder de Dogma sollt bewäerten.

mat indymedia/par/bcn/rom

Annnex:

Related topics CIASE, Enquête, Frankräich, Jean-Marc Sauvé, kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Opium fir d‘Vollek, Pedophilie, réimesch-kathoulesch Kierch, Relioun
Next post Previous post