Search

You may also like

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“
Neiegkeeten

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“

Datt déi gréissten Oppositiounspartei eng Aktualitéitsstonn ugefrot huet, an där

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…
Neiegkeeten

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…

Déi neigewielt Däitsch Grenzgängerkommissioun vum LCGB huet an hirer éischter

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten
Neiegkeeten

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten

Déi 14. Editioun vum Konschtpräis Robert Schuman ass offiziel lancéiert.

35 Joer Schengener Ofkommes

35 Joer Schengener Ofkommes

Datt de Schengenraum am Kontext vun der Covid19-Pandemie zolidd a Fro gestallt ginn ass, an elo lues a lues nees d‘Grenzen opginn, huet derzou gefouert, datt dësen Anniversaire schonn ënnert eppes „speziellen“ Ëmstänn zelebréiert ginn ass. No Frëndschaft huet et dat awer just „ausgesinn“.

Et war de 14. Juni 1985, wéi d‘Belsch, Däitschland (West), Frankräich, Holland a Lëtzebuerg den Accord vu Schengen paraphéiert hunn. Et war vun do u méiglech, an dëse Länner ouni Pass ze reesen. Vun haut un sinn déi meescht Grenzen an der EU nees op, mee de Fait, datt Mëtt Mäerz, ouni sech grouss mat den Noperen ofzeschwätzen, vill Länner hir Grenzen zou gemaach hunn, dee wäert de Leit an Erënnerung bleiwen.

Sécher, et gouf sech nees op déi grouss Frëndschaft ënner Noperen an och an der Unioun beruff, mee et brauch scho vill Vertrauen an d‘Politik fir déi Wonnen, wou hei opgerappt goufen, nees ze heelen. Wierklech Neies gouf zudeem net verkënnt, a vill vun den Uwiesende vertrieden ëmmer emol fir unzefänken, déi perséinlech politesch Interessen, dann déi National – wann et Opportun sollt sinn – a bei esou Fester dann den Zesummenhalt vun der Unioun.

SchengenerMee et gouf net eleng zu Schengen am klenge Krees gefeiert. Och op ville Grenzen uechter de Schengenraum hunn sech d‘Bierger fir de Projet Europa agesat. Esou och zu Stroossbuerg, de Sëtz vum Europaparlament. Hei gouf eng Deklaratioun, mat där déi fräi Zirkulatioun vun de Bierger an der Unioun (och a Krisenzäiten) gefuerdert gouf, an ee Bambusrouer gestach a symbolesch an de Rhäin geworf.

Oppe Grenze sinn eng vun de Grondlage fir ee funktionelle Bannemaart an den Zesummenhalt vun der Bierger an der Unioun. Bedauerlecherweis kommen ëmmer méi populistesch a nationalistesch Politiker zum Zoch, déi wéineg bis guer näischt mat fräiheetleche Gedanken an de Wäerter vun der Unioun – esou wéi se vu senge Pappe geduecht war – um Hutt hunn. Mee gëschter Moie war net dee richtegen Zäitpunkt, fir de „Partner“ iwwert de Mond ze fueren.

Foto: Den Ausseminister Jean Asselborn huet eng gutt a pointéiert „diplomatesch“ Ried gehalen. © Ausseministère (via Twitter)

Related topics 35. Anniversaire, Europa, Jean Asselborn, Schengen, Schengener Ofkommes
Next post Previous post