Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen
E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen
Scho fir déi 6. Kéier huet déi Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI)
Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze
D’Lageren sinn iwwerfëllt, d’Mëssstänn wuessen an déi onmënschlech Konditiounen si kengem méi zouzemudden. Am Ganze sollten dofir 25 Flüchtlingen, dovunner 16 onbegleet Mannerjäreger op Lëtzebuerg kommen – en Zil, wat ee mat der Arrivée vun de 4 Kanner, respektiv Jugendlechen mat afghaneschen a burundesche Wuerzelen elo erfëllt huet.
Um Findel goufe si vu Representante vun der Immigratiounsdirektioun vum Baussen- an Europaministère an dem nationale Büro fir Opnam (ONA) empfaangen. Elo musse si d’Asil-Prozedur duerchlafen, déi am Gesetz vum 18. Dezember 2015 festgehalen ass, fir internationale Schutz ze kréien.
Schonn um 15. Abrëll sinn 12 onbegleet Mannerjäreger am Groussherzogtum ukomm, wärend um 29. September an 30. November 2 afghanesch Flüchtlingsfamillen um Fluchhafen empfaange gi sinn.
Opmaacherfoto: © Mohd Zuber Saifi / Unsplash