Spuenien wëll Impfgéigner registréieren
Zanter iwwert de Covid19-Impfstoff rieds ass, an elo wou en
Zanter iwwert de Covid19-Impfstoff rieds ass, an elo wou en
E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum
Um Europäesche Geriichtshaff (EuGH) zu Lëtzebuerg hunn d‘Magistrate gëschter entscheet,
E Samschdeg huet de Parquet vu Léck bestätegt datt e 40 järege Polizist vu Verviers en Dënschdeg verhaft ginn ass an uschléissend an Untersuchungshaft gesat gouf. Him ginn eng ganz Rëtsch u Verbrieche virgeworf: Bedeelegung un enger krimineller Vereenegung, Handel mat Doppingmëttel, illegale Waffebesëtz a Proxenitismus.
Déi federal Police (fréier Gendarmerie) hat leschten Dënschdeg fofzéng Perquisitiounen an der Ëmgéigend vu Verviers duerchgefouert an heibäi fënnef Persounen interpelléiert. D‘Operatioun war am Kader vun enger Enquête iwwer organiséiert Kriminalitéit am Kontext vun Drogenhandel an dem Verkaf dunn Doppingmëttel duerchgefouert ginn. Eng Enquête, déi viru Méint ugefaangen hat.
Am Laf vun den Ermëttlungen, sinn d‘Enquêteuren op ee Fitnessstudio zu Verviers gestouss. Si sollte „positiv“ iwwerrascht ginn: Doppingmëttel, Drogen a masseg Boergeld, dozou nach e sëlleche Waffen – déi waren ënnert dem falsche Plafong verstoppt – an um leschte Stack waren dann och nach Houeren ënnerbruecht ginn. Ee klassesche Fall vun organiséierter Kriminalitéit.
E vun de „Verantwortlechen“ an dësem Fitnessstudio war deen elo beschëllegte Polizist. Vun den insgesamt fënnef „Verdächtegen“ sinn der véier no hirem Passage virun der Chamber vum Conseil direkt verhaft an, an Untersuchungshaft gesat dorënner de Polizist. Deen ass vun de „Kollegen“ an de Prisong vun Huy iwwerstallt ginn. D‘Enquête leeft an Tëschenzäit weider…
mat indymedia/lgg
Illustratioun: Jörg Husemann / Pixabay