Search

You may also like

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen
Kultur Neiegkeeten Stories

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen

Eigentlech sollt d‘UN-Klimakonferenz COP25 schonn e Freideg ofgeschloss ginn. Well

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
Kultur Neiegkeeten Stories

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!

[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

2018 sinn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen an nieft dem Dauerthema „Logement“

Géint haislech Gewalt: Ee Monument aus 440 Puer Schong

Géint haislech Gewalt: Ee Monument aus 440 Puer Schong

Haislech Gewalt géigeniwwer Fraen ass a bleift weiderhin een aktuellt Thema, iwwert dat allerdéngs just ongäere geschwat gëtt. Ëmsou méi stécht dësem tierkeschen Artist säi Wierk ervir, dat Bewosstsinn bei senge Matbierger schafe soll. Déi 440 Puer Schong, déi d’Mauer erofginn, erënneren op eng ästhetesch Aart a Weis un déi déidlech blesséiert Affer vu Gewaltdoten.

An der Tierkei solle 40% vun de Frae schonn emol Affer vun haislecher Gewalt gi sinn. A verschiddene Fäll huet d’Dot souguer een tragescht Enn geholl. Nach ëmmer maangelt et bei der Justiz an Deeler vun der Gesellschaft um Wëllen a Bewosstsinn, datt ee bessere Schutz fir Fraen erzilt kéint ginn.

440 Schong

Dës Installatioun kann een allerdéngs net ignoréieren: Den tierkeschen Artist Vahit Tuna huet nämlech 440 Puer High Heels un a ronderëm Haiser-Maueren zu Istanbul befestegt. Fir genau ze sinn handelt et sech ëm ee Gebai am Quartier Kabataş, sou wéi eent am Distrikt Beyoğlu. Dobäi soll all Puer Schong fir eng Fra stoen, déi 2018 vun hirem Partner ëmbruecht ginn ass.

Iwwert eng Fläch vu gutt 260 Quadratmeter soll d’Wierk säi Message op imposant Manéier eriwwer bréngen, de Spectateur souguer erdrécken duerch d’Mass. Natierlech presentéiert den Artist säi Commemoratiouns-Konschtwierk express baussen a fräi zougänglech. „Mir wollten, datt jiddwereen deen duerch d’Strooss geet, d’Wierk gesäit. Dofir wollte mir och keng Ausstellung am Banneraum“, sou den Vahit Tuna. Schliisslech ass et een Appell un all Bierger, un all Passant an un déi ganz Gesellschaft dobaussen.

440 Schong

Wèessen ass Muecht – Bewosstsinn gehéiert zum Wëssen

A verschiddenen Deeler vun der Tierkei ass et eng Traditioun, datt een d’Schong vun enger verstuerwener Persoun baussen op eng Mauer vum Wunnhaus stellt. Als Zeeche vu Weiblechkeet an Onofhängegkeet huet den Artist dëst Ritual nach ee Stéck méi wäit gefouert an den Dout mat weiblecher Kraaft kombinéiert. De Problem gëtt duerch d’Materialiséierung méi gräifbar gemaach, wouduerch och d’Konzept zur Sensibiliséierung méi staark duerchkomme soll.

Am Ganze soll d’Konschtwierk 6 Méint bestoen. Am Joer 2017 sinn iwwregens, laut der We Will Stop Femicide Plattform – 409 Frae vun hirem Partner ëmbruecht ginn. Eréischt Enn 2019 wäerte mir gewuer ginn, op dës Zuel nach weider an d’Luucht gaange sinn.

Related topics 440 Schong, Haislesch Gewalt, Istanbul, Tierkei, Vahit Tuna
Next post Previous post