Search

You may also like

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt
International Neiegkeeten

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt

De jonke Kloter-Club “D-Summit” vun Diddeleng huet den 27. Januar

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!
International Neiegkeeten

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Vergaangene Mëttwoch huet d’Ministesch fir Gläichsstellung tëscht Fraen a Männer

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun

Topics: Awanderungsgesetz verschäerfen, Mauer bauen…

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun

Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer 2019, wou sech den Donald Trump u seng Leit an un d‘Welt, mat enger Ried zur Lag vun der Natioun, adresséiert. Eng Ried déi de Milliardär awer eppes éischter hale wollt, wat him vun der Spriecherin vum Representantenhaus verwiert gi war.

De 45. US-President ass eng vun den ëmstriddenste Perséinlechkeeten op der Welt. Dat ass senge Ligen, der Misogynie a dem Friemenhaass (fir nëmmen déi ze nennen) geschëlt awer net nëmmen. Hien huet am Sträit mat den Demokraten en neie „Shutdown-Rekord“ opgestallt, mécht Amerika nees grouss, streit mat de Chinesen an klüngelt mat den Despote vun dëser Welt.

Mat senger Aart a Weis laangjäreg Partner ëmmer nees „virzeféieren“, engem diplomatesche Karma deem dës Welt esoubal näischt entgéintzesetzen huet, an iwwerzeegt vun de Medien ugefeint ze ginn, hunn d‘Bierger vun den USA genee dee Mann am Wäissen Haus sëtzen dee si brauchen.

D‘Bierger schützen!

Fir den Donald Trump ass d‘Kriminalitéit ee vun de Géigner deen et ze bekämpfe gëllt, a well déi jo vu Bausse kënnt, oder zumindest importéiert ass, mussen d‘Grenzen onduerchlässeg gemaach ginn. Dofir brauch et eng Mauer, ob aus Steen oder Stol, ass dem Milliardär mëttlerweil egal.

Esou huet den Donald Trump, nodeems et zu engem „Arrangement“ mat den Demokrate komm ass, gëschter seng Ried am Kongress gehalen. An hei huet hien de Kongress och direkt opgefuerdert, d‘Awanderungsgesetzer vun den USA ze reforméieren. Laut dem Trump hätten d‘USA déi moralesch Verflichtung eng Immigratioun unzestriewen déi Liewen an Aarbechtsplaze schützt.

US-President

De Milliardär dozou: „Vill Mënschen hu sech fir eng Mauer zu Mexiko ausgeschwat, ech bauen se. Mauere funktionéieren, Mauere rette Liewen. Ech kréien se gebaut!“. Dat geet allerdéngs nëmme mat den Demokraten oder engem Noutstandsgesetz. An den Demokraten hir Positioun ass bekannt.

Op der Sich no Léisungen

Et dierft him net liicht gefall sinn, gëschter d‘Demokraten zur Zesummenaarbecht „agelueden“ ze hunn. Et sollt een déi Politik vun der Revanche op der Säit loossen, Differenzen iwwerwannen, al Wonnen heelen a zolidd Koalitioune bilden. Nëmmen esou loossen sech nei Léisunge fannen…

Klengt eigentlech gutt an ass héchstwahrscheinlech d‘Wierk vun engem „Ghostwriter“, well wann den Donald Trump den Auteur vun esou enger Ried ass, erkläert sech net wéi et ka sinn, datt hien nach Stonne virdrun, op e neits seng Grenzmauer zu Mexiko gefuerdert huet. Hien huet, et ass kee Witz, nach emol déi 5,7 Milliarde vum Kongress gefuerdert, déi d‘Demokraten him verwieren.

US-President

Et koum dowéinst jo och schonn zu engem 5wëchege Shutdown, dee bis de 15. Februar ausgesat ginn ass. Dozou den US-President: „De Kongress huet 10 Deeg Zäit, fir e Gesetz ze stëmmen, dat eis Regierung finanzéiert, ons Heemecht schützt, an eis geféierlech Südgrenz séchert“.

Mat sech zefridden.

Interessanterweis – och dat muss dem Ghostwriter geschëlt sinn – ass de Milliardär net méi op den Asaz vum Noutstandsgesetz agaangen, mat deem hien den Demokrate gedreet hat. Déi halen dem Donald Trump seng Fuerderung no enger Mauer fir esou onmoralesch wéi onnéideg.

Wou een den Immobilie-Mogul nees erëmerkannt huet, dat war wéi hien d‘Erfolleger vu senger Regierung opgezielt huet. Déi ganz Welt – drënner mécht den US-President et net – géif de séiere Fortschrëtt an d‘Wirtschaft vun den USA beneiden. D‘US-Arméi wier zudeem déi stäerkst op der ganzer Welt, a géif all Dag dee Gott schaaft, iergendwou op der Welt eng Victoire verzeechnen.

A well de Milliardär mam Slogan „America First“ ugetrueden ass, muss ee Versteesdemech dofir hunn, datt hie mat senger Equipp op dësen ongleeflechen, wirtschaftlechen Erfolleg weider opbaue wëll. Hien ass decidéiert déi schiedlech Wirtschaftspolitik aus der Vergaangenheet ze beendegen.

Feindbiller muss ee fleegen

Dat erkläert dann och, firwat den Donald Trump nees op de geeschtegen Déifstall higewisen huet, deen d‘Chinese bedreiwen. Schlëmmer: den US-President behaapt datt China d‘US-Industrie ugegraff hätt, a sech elo der Verdeedegung vun Aarbechtsplazen a Wuelstand muss ugeholl ginn.

An dësem Kontext soll mat China (an och allen aneren Handelspartner) en neit Handelsofkommes geschloss ginn, an deem festgehalen ass, datt déi onfair Praxis bäigeluecht an den Handelsdefizit vun den USA eliminéiert muss ginn. Datt den 45. US-President bereet ass et op en Handelskrich ukommen ze loossen, ass jo och bekannt, an déi „éischt Schëss“ si scho gefall.

Wann den Toun an der Bezéiung mat anere Wirtschaftspartner – Europa, Kanada a Mexiko – liicht méi „diplomatesch“ wierkt, esou ass d‘Provokatioun net manner bedreelech. Dobäi kommen déi meescht US-Wueren déi an d‘EU importéiert ginn, aus China (Smartphonen, Computer, avm…)

Et muss een net alles verstoen

De „Made in USA by Chinese factories“ wier zumindest, als Slogan fir déi US-Produkter ubruecht déi tatsächlech funktionéieren. An de Fait datt hien eis US-Autoen opzwénge, komescht Fleesch an genmodifizéiert Liewensmëttel verkafe wëll, weist eis wéi politesch aremséileg d‘EU opgestallt ass.

An der Lag vun der Natioun, dierf d‘Opkënnege vum Atomwaffespärvertrag (INF-Accord) mat Russland net feelen. Den US-President erkläert senge Matbierger datt et zu dësem Schratt komm ass, well d‘Russen d‘Ofkommes gebrach hätten. Tatsächlech awer geet dem US-Militär net ëm den Accord u sech. Hei gëtt no engem Argument gesicht, dat eegent Arsenal ze moderniséieren.

 

Interessant dann och nach, datt sech den Donald Trump, deen duerchaus bereet schéngt Venezuela a Schott an Äschen ze leeën, nach emol mam „béise Jong“ vu Pjöngjang treffe wëll. Si hate sech bekanntlech am Juni 2018 zu Singapur getraff. En neie Sommet soll et de 27. an 28. Februar ginn

Related topics 45. US-President, America First, Donald Trump, Grenzmauer, Handel, Immigratioun, Ried zur Lag vun der Natioun
Next post Previous post