Search

You may also like

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert
Neiegkeeten

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert

Nodeems zënter dem 31. Dezember 2018 keng gratis Plastikstuten a

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen
Neiegkeeten

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Eigentlech hat sech de gréisste Leader an der Geschicht vun

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?
Neiegkeeten

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?

Eng nei politesch Beweegung déi dem lénke Spektrum zougeschriwwe gëtt,

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!

Um Dënschdeg, den 11. Juni huet d’Fruechtkontrolleenheet vum Zoll 462.000 Zigaretten um Findel séchergestallt. Am Kader vun enger Zolliwwerpréiwung ass ënnert anerem des Sendung aus Hong Kong kontrolléiert ginn.

D’Fruecht huet aus 30 Bakiewe bestanen a sollt a Groussbritannien geschéckt ginn. Beim Kontrolléiere vum Contenu huet sech dunn eraus gestallt, datt d’Bakiewe vollgepaakt ware mat Schmuggelzigaretten. Insgesamt sinn 2.310 Staangen Zigarette fonnt ginn.

Schmuggelzigaretten

De Finanzminister Pierre Gramegna mat Membere vun der Fruechtkontrolleenheet vun der Douane © Administration des douanes et accices

Säitens vun der Zollverwaltung ass eng Plainte gemaach ginn an de Fall un de Lëtzebuerger Procureur weidergeleet. Nom Gesetz zu de Verbrauchersteieren ass elo eng Geldstrof fir Schmuggel vu ronn 520.000 Euro virgesinn.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech op der Plaz d’Informatiounen zum Fall gi gelooss an huet de Beamte fir hir Aarbecht gratuléiert.

Related topics Douane, Geldstrof, Geriicht, Hong Kong, Schmuggelzigaretten
Next post Previous post