Search

You may also like

Tunesier verlaangen d‘Fräiloossung vun de politesche Gefaangenen
International Neiegkeeten

Tunesier verlaangen d‘Fräiloossung vun de politesche Gefaangenen

Wärend déi 27 EU-Länner – also haaptsächlech d‘Staats- a Regierungscheffen,

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2
International Neiegkeeten

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2

[onionbuzz quiz-id=72][/onionbuzz]   Et vergeet kaum en Dag, wou een

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi
International Neiegkeeten

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi

Ab dem 1. Mee 2021 wäert de Sébastien Genesca dem

5.000 Quadratkilometer Bëschbränn

Laut dem russesche Forstwirtschaftsamt brennt de Bësch op enger Fläch, déi zweedausendmol esou grouss wéi Lëtzebuerg ass

5.000 Quadratkilometer Bëschbränn

177 Brandnäschter mussen nach ëmmer iwwerwaacht ginn. Besonnesch betraff ass weiderhin déi wäit ëstlech ofgeleeë Regioun Jakutien. Iwwer 9.000 Mann an nach emol 33 Läschfliger ginn hei agesat, a lues a lues entspaant sech déi allgemeng Situatioun. Zäitweis huet hei eng Fläch vu véier Milliounen Hektar (40.000 Qkm) gebrannt.

Well déi offiziell Verwaltungen eppes „spuersam“ mat der Kommunikatioun ëmginn an et wuel och säitens den héchsten Instanze wéineg „Gespréichsbedarf“ an dësem Kontext huet, muss ee sech aner Quellen zouwennen, fir d‘Ausmooss an den Impakt vun dëser Katastroph ze erfaassen. Well och dës Bëscher spillen eng regulatoresch Roll, an et huet duerchaus parallellen zum Amazonas-Desaster.

Greenpeace, déi sech iwwert den Ëmwee vun ëffentlech zougängleche Satellittebiller vun der russescher Autoritéit, eng zimmlech gutt Iwwersiicht verschafe kënnen, warnt virun de Folgen. Scho Mëtt August, esou d‘ONG, wier den Negativrekord (bezunn op d‘Bëschbränn) vun 2012 gebrach ginn. An deem Joer ware 17 Milliounen Hektar Land vun de Flame geschléckt ginn.

Sibirien

Déi schlëmmste Bränn am sibiresche Jakutien, am Groussraum Irkutsk (Baikal-Séi) a verschidde Bezierker am südlechen Ural sinn nach ëmmer net geläscht. Erschwéiert gëtt d‘Brandbekämpfung awer och duerch de schwieregen Terrain. Wou d‘Pompjeeën sech duerchgeschloe kréien, gi breet Brandschneise geschloen, fir d‘Feier ënner Kontroll ze bréngen. Wierklech läsche geet hei net.

Am Géigesaz zum südamerikanesche Reebësch, ginn a Russland kaum Bränn absichtlech geluecht fir landwirtschaftlech Flächen ze notzen. A Russland kënnt et an de Summerméint ëmmer schonn zu risege Flächebränn. Begënschtegt ginn dës Feier duerch déi oft laang unhalend Dréchent. A wéi engem Mooss de Klimawandel hei als Brandbeschleuneger ka consideréiert ginn, ass net gewosst.

mat indymedia/mow

Foto: Eng Loftopnam vun de Bëschbränn an der Republik Mari El (nërdlech Volga-Regioun) vun der leschter Woch. Eleng op dësem Bierg-Kamm sinn iwwer 800 Hektar Bësch de Flamen zum Affer gefall © I.Vashka /KorRus

Related topics Bëschbränn, Greenpeace, Klimawandel, Permafrost, Russland, Sibirien
Next post Previous post