Search

You may also like

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
Kultur Stories

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!
Kultur Stories

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Enn Februar huet d’Regierung, am Kader vun den europäesche Klimaschutzzieler

geek
De CHEM versicht et mat Innovatioun
Kultur Stories

De CHEM versicht et mat Innovatioun

Wann et wuel richteg ass, datt een Terrasse vun de

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen

De Science-Fiction Klassiker kritt e Nofolger

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen

Nodeems de Kino e relativ rouege Summer hannert sech huet, kommen elo méi a méi Filmer mat groussem Profil eraus. Blade Runner 2049 ass definitiv ee vun hinnen. Mee solls du dëse Weekend dëse Film oder besser dach en anere kucke goen? Mir hunn eis déi beschte Grënn iwwerluecht, déi dofir schwätzen, dësem Science-Fiction-Film de virrang ze ginn.

Et ass de Nofolger zu engem Kult-Klassiker

Soe mer et riicht eraus: Wéi den Original Blade Runner an de Kino koum, war et e riisege Flop. Mee wien hätt deemools geduecht, datt dee Film zu den aflossräichste vum Genre kéint gehéieren. Jore méi spéit hu vill Anime, Manga, Comics, Serien a Filmer sech un dësem Film inspiréiert – sierf et um Look, der Handlung oder dem Setting. An dat seet dann dach relativ vill iwwert d‘Bedeitung vun engem Wierk aus. Schonn eleng der Kontinuitéit wéinst ass et deen Ament der Wäert, fir an de Kino ze goen.

De Philip K. Dick ass grad in

Dank The Man in the High Castle a verschiddenen aneren Adaptéierungen aus de leschte Joren ass de Philip K. Dick e vill besichten Auteur. Kee Wonner, seng Iddien sinn iwwerflächlech betruecht liicht ze verstoen, awer komplex ëmsetzbar. An och ëmmer erëm faszinéierend. Den Original-Film bitt e brillanten Astieg an d‘Gesamtwierk vum Schrëftsteller. An och wann sech d‘Fortsetzung nach emol vun der Original-Visioun fort beweegt, esou ass all Interpretatioun eng spannend.

Den Denis Villeneuve weess, wéi Science-Fiction Filmer fonktionnéieren

Mat Arrival huet den Denis Villeneuve ee vun deene beschten Science-Fiction Filmer a rezenter Memoire produzéiert. De Film gouf fir aacht Oscaren nominéiert (gewonnen huet en nëmmen een) a krut esou guer en Hugo Award fir déi bescht dramatesch Presentatioun.

Den Trailer vun Blade Runner 2049 weist, datt d’Visioun vum Original erhale bleift

Eleng Optesch kann een Blade Runner 2049, vum Trailer hier, kee Virworf maachen. Vill stilistesch Choixen, déi Weeweisend am Joer 1983 ware, goufe bäibehalen. A wierke kee Stéck al.

D‘Kritiken si bis elo duerchaus positiv

Am Moment hält Blade Runner 2049 e Rotten Tomatoes freshness Score vun 95%! De Brian Tellerico vu RogerEbert.com zum Beispill bezeechent de Film als „ee vun den déifsten philosopheschen an usprochvollste Sci-Fi Filmer aller Zäiten“.

Foto: ©2017 Alcon Entertainment, LLC. All Rights Reserved.

Next post Previous post