Search

You may also like

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange
Uncategorized

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange

D’Partei vun den europäesche Lénken an déi Lénk verlaangen dat

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat
Uncategorized

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
Uncategorized

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf och endlech um Enn. E gudde Mount laang, war et e konstant hin an hier vun Informatiounen, Diskussiounen an och deels Streidereien. Dat kann engem da schonn zimlech op de Geescht goen. Mir hunn e puer Saachen zesummen gedroen, déi s de elo maachen kann, elo wou de Gemengewahlkampf fäerdeg ass.

Du hues deng Rou beim Tëlee kucken a Radio lauschteren

Endlech muss du net méi déi fuerchtbar Wahlspotten an de Medie vun de Parteien gesinn. Si sinn ze kuerz, fir se schnell for ze knipsen, ze schrecklech, fir se genéissen ze kennen.

Deng eidel Bréifkëscht erëm hunn

Kee schreift der, ausser villäicht d’Bank. An dat ass gutt sou, eng eidel Breifkëscht ass eng gutt Breifkëscht. Di ganz Reklamme vun de Parteien hunn der dach alles nëmme verstoppt.

Zäit fir politesche Recycling

Wou mer grad bei de Wahlprogrammer a Reklamme sinn: Déi kann s de elo endlech gudde Gewëssens bei den Aal-Pabeier leeën. Dann trëllt och kee méi driwwer.

Dech op Wahlanalyse freeën

Dag vun de Walen, dat heescht Analysen, Analysen, Analysen! Ween huet wou wéi vill Prozenter verluer oder gewonnen, wou ënnert sech eppes, wou ënnert sech näischt? Eigentlech den ennerhalsamste Moment vun all Demokratie, oder?

Dech op Chamberswahle preparéieren

Wéini sinn déi nächst Walen? 2018?? Schonn?

Related topics Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg
Next post Previous post