Search

You may also like

money
Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen
Auto Neiegkeeten réckbléck Sport WTF

Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen

Während den US-President domatter dréit gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
Auto Neiegkeeten réckbléck Sport WTF

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen
Auto Neiegkeeten réckbléck Sport WTF

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen

Mat iwwer 12.000 Logementer fir d‘Refugiéen an Asylante mécht Frankräich

surprise

50 Joer FLSC: Vill Erënnerungen a flott Anekdoten

Vu Männer, Fraen a drolege Gefierer – Stock-Car als Liewensphilosophie

Wann der esouguer de Sportminister zum 50 Gebuertsdag gratuléiert, dann hues de als Federatioun alles richteg gemaach. An dat kënnen dausende Fans am Land generatiounsiwwergräifend esou och bestätegen. 50 Joer Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (FLSC) och dat ass Lëtzebuerg.

Dozou de Minister Dan Kersch: „Mat vill Äifer, Asaz an Higab sinn d‘Membere vun de sozial gefouerte Veräiner stänneg mobiliséiert, fir d‘Gelénge vun de Veranstaltunge sécherzestellen.“ Seng Gléckwënsch un d‘Federatioun an d‘Veräiner gläichermoossen, gi begleet vun der Zousécherung, datt d‘FLSC sech op seng Ënnerstëtzung ziele kann, fir datt och an Zukunft zu Lëtzebuerg nach Stock-Car ka gefuer ginn. Eng sécherlech aussergewéinlech Motorsportaart fir déi ganz Famill.

Wierder déi dem President vun der Federatioun – a selwer schonn ee richteg „alen Hues“ – gefalen. De Marcel Kirsch weist drop hin, datt de Verbandsjubiläum an éischter Linn d‘Fest vun alle deene ville fräiwëllegen an de Veräiner, de Piloten an de Mecaniciene, de Streckeposten, all deenen déi fir e gudde Maufel an en anstännege Patt suergen, mee natierlech och de Fans ass, ouni déi bréicht jo eigentlech och keng Course ze fueren. Hien hofft alt och, datt se nach laang zesumme Freed hunn.

E bëssi eppes aus dem Geschichtsbuch

„Stock-Car“ dat kënnt aus dem engleschen an heescht eigentlech iwwersat: „Auto vun der Staang“ woumatter en einfachen normalen Alldagsauto oder Seriewon gemengt ass. Op lëtzebuergesch hätt een dat ganzt awer och mat „Knuppauto“ dierfen iwwersetzen. Dës Motorsportaart déi (jee nodeem op wéi Quellen ee sech bezitt) schonn an de fofzeger Jore soll zu Lëtzebuerg ginn hunn, ass awer offiziell 1961 iwwert de grousse Pull zu eis komm. An et war alles wéi kee Sport fir Waarmduscher.

Éischt Pisten huet sengerzäit zu Bruch, Miedernach a Bieles ginn. Et ass haart zougaangen a villes vum deem wat „deemools“ ganz Normal war, gëtt haut vun der „Autokontroll“ net méi toleréiert. Et ass an éischter Linn ëm de Spaass un der Freed gaangen. Den éischte Veräin ass dann och 1965 am Minett, mee prezis zu Bieles, gegrënnt ginn. Et sollt dann och net bei dësem enge Veräi bleiwen a bis 1968 sinn am ländleche Süden ëmmer méi Veräiner gegrënnt ginn. Et gouf Zäit fir e Verband.

Fir dësen op d‘Been ze stellen hat de Schëfflenger „Golden Racing Team“ d‘Initiativ ergraff, an déi bestoend Veräiner agelueden sech zu enger Federatioun zesummenzeschléissen. Déi éischt – wéi soll ee soen – Versammlung huet et am November 1968 am „Buffet de la Gare“ ginn. An déi hat et a sech. Wann d‘Initiatoren sech op e Grappvoll „Geckeger“ virbereet haten, esou muss hinnen entgaange sinn, datt et mëttlerweil 13 Clibb gouf an honnerte Pilote wësse wollte wat elo leeft.

Et war zudeem och eng international Versammlung, well d‘Kollegen aus der Eifel, méi genee vu Krautscheid (déi zanter der Saison 2019 nees mat um Start sinn) trotz Schnéi a Glatäis onbedéngt vun Ufank mat derbäi wollte sinn. Bei dëser Versammlung ass dann och en éischte „provisoresche“ Virstand gewielt ginn. Dat waren als President de Robert Poos, als Vizepresident hu se de Raymond Theisen ausgewielt a Sekretär gouf de Camille Reding. An domatter war den Ufank gedoen.

Ob emol war et eng Eescht Ugeleeënheet

Zwee Méint drop, de 25 Januar 1969 war déi ganz Band op en Neits am Buffet de la Gare zesumme komm. Dës Kéier ass drëms gaangen Nee mat Käpp ze maachen. De Robert Poos gouf als President vun der FLSC bestätegt, an déi zwee Vizepresidente waren: Armand Schmit (Les Rouges, Schëtter) a Raymond Proth (R.A.F. Déifferdeng). Den éischte Caissier war den Edmond Molitor (Les Copains, Biissen-Brouch) an de Generalsekretär war de Camille Reding (Speedy Gonzales, Bouneweg). Hei gouf et dann och déi éischt technesch Kommissioun. Et deemno och Reegelen…

Et sinn awer nach eng Rei Joren uechtert d‘Land gaangen, iert sech de Verband personell esou opgestallt hat, datt hien all déi Verflichtungen déi ufalen, och aus eegener Kraaft bewältege konnt. All Ufank ass nu emol schwéier, mee wéi een haut weess, d‘Pappe vum Stock-Car hunn de Bëbee net mat Waasser ausgeschott. Ganz am Géigendeel. Si hunn un hirem Projet geschafft, sech oft a vill missen ëmstellen an/oder Neies afale loossen, a glécklecherweis gëtt och haut nach gefuer.

Beim grousse „Familljentreffen“ am Kulturzentrum Gaston Stein zu Jonglënster, ass sech dann och generatiounsiwwergräifend iwwert de Stock-Car ënnerhale ginn. Et goufe längst vergruewen Erënnerungen ervirgeholl an Anekdoten ausgetosch. Natierlech gouf och gelaacht, et ass un déi vill Piloten, Mecanicienen an hëllefend Hänn geduecht ginn, déi eis iwwert déi lescht fofzeg Joer verlooss hunn. Si sinn awer – zumindest a Gedanken – bei all de Coursen derbäi an dat ass Schéin.

Et goufen am Kontext vill „Diplomer“ iwwerreecht, méi wéi nëmmen eng flott Erënnerung un dëse wonnerschéinen Dag. D‘Federatioun huet all de Clibb an de Piloten, den éiwege Fräiwëllegen an och de Fotografen, déi d‘FLSC an de Stock-Car am grousse ganzen iwwert déi ganz Saison begleeden, e grousse Merci ausgeschwat. Et war – a mir denken datt d‘Fotoe fir sech schwätzen – e memorabelen Dag, op deem sech d‘Wieder bis an den Owend vu senger beschter Säit gewisen huet.

Opmaacherfoto a Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics FLSC, Stock-Car, Stock-Car Federatioun
Next post Previous post