Huet den ACL d’Wuert „Diskriminatioun“ mëssverstanen?
D’Lëtzebuerger Vëlos-Initiative (LVI) freet sech iwwert dem ACL seng Beméiunge
D’Lëtzebuerger Vëlos-Initiative (LVI) freet sech iwwert dem ACL seng Beméiunge
Wéi de Marechalat vum groussherzoglechen Haff matgedeelt huet, hätt sech
Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,
Eng Kaart mat alle Verdeelerpunkte fannt Dir elo schonn HEI. D’Säit gëtt no an no mat den Informatioune zur Plaz an Auerzäit vun de Gemengen gefiddert. Den Inneministère erënnert dorunner, datt ee seng Maske just mam entspriechende Bon de Retrait ka siche goen. Beschtefalls hëlt eng Persoun d’Maske fir de ganze Menage mat ewech.
Jee no Gemeng gëtt een Drive-In ugebueden, oder och d’Liwweren u vulnerabel Persounen.
D’Distributioun vu Schutzmaske gëtt an der Stad Lëtzebuerg vum Dënschdeg, de 26. Mee bis Samschdes, den 30 Mee, a vun Dënschdes, den 2. Juni bis Samschdes de 6. Juni op 9 Plazen organiséiert.
D’Walk-In-Guicheten sinn op vun 9:00 bis 17:00 Auer:
D’Drive-In-Guicheten sinn op vun 11:00 bis 19:00 Auer:
Vulnerabel Persoune sollen der Helpline 4796-4796 vu Méindes bis Freides vun 9:00 bis 16:00 Auer uruffen. Et gëtt geroden, datt sou fern et méiglech ass ee Familljemember oder eng aner nostoend Persoun d’Maske siche geet.