Search

You may also like

Britescht Parlament huet d‘Recht e Brexit ouni Accord ze blockéieren
Neiegkeeten

Britescht Parlament huet d‘Recht e Brexit ouni Accord ze blockéieren

Et war op e neits ee „schlechten Dag“ fir d‘Theresa

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)
Neiegkeeten

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

En Donneschdeg ass dem Premierminister Xavier eng parlamentaresch Fro vum

Fairtrade: de Coronavirus a seng Folgen
Neiegkeeten

Fairtrade: de Coronavirus a seng Folgen

Am Mäerz 2020 sinn am Bangladesch Kleedungsfabricke mat Optragsstornéierungen am

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit

Vergaangene Mëttwoch huet de Stater Gemengen- a Schäfferot seng nei Bierger, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit viru kuerzem kritt hunn, feierlech an der Haaptstad begréisst. Bei der Receptioun an der Stater Gemeng gouf op dëse Moment geprost.

Vum 1. Januar bis den 31. Oktober 2019 hunn am Ganzen 111 Persounen d’Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun, 1.281 duerch Optioun an 3.634 duerch déi sougenannt Procédure de Recouvrement kritt. Am Ganzen haten an dem genannten Zäitraum 5.783 Persounen hir Demande eragereecht, wouvun elo 5.026 Stéck sech offiziell Lëtzebuerger nennen dierfen.

Kuckt ee sech d’Statistike vum Justizministère un, da stinn um Podium vun den 10 heefegsten Nationalitéiten, déi och um Pabeier als Lëtzebuerger bezeechent wëlle ginn, d’Fransouse mat 1.594 Persounen, d’Brasilianer mat 1.377 Persounen an d’Belsch mat 804 Persounen.

Kanner, déi am Groussherzogtum virum 1. Juli 2013 gebuer gi sinn kréien zur Volljäregkeet automatesch déi Lëtzebuerger Nationalitéit, soulaang si ee Wunnsëtz am Land hunn an ee reegelméissegen Openthalt wärend op mannst 5 Joer hannereneen an direkt nom 18. Gebuertsdag zu Lëtzebuerg virweise kënnen (Art. 85). Heivunner betraff sinn 86 Persounen, dovunner ënnert anerem 41 mat portugisescher, 16 mat franséischer a 7 mat italienescher Nationalitéit.

Opmaacherfoto: © Charles Soubry/VDL

Related topics Justizministère, Lëtzebuerger Nationalitéit, Naturalisatioun, Optioun, Procédure de Recouvrement, Stad Lëtzebuerg, Wëllkomm
Next post Previous post