Net einfach d‘Séinoutrettung am Mëttelmier
D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der italienescher Küstewaach, mat 141 Migrante
D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der italienescher Küstewaach, mat 141 Migrante
De Méindegowend hunn dausenden Demonstranten zu Sofia géint déi korrupt
Well sech den US-President Donald Trump och weiderhi weigert dee
Um vergaangenen Donneschdeg huet eis Kulturministesch Sam Tanson d’Rees op Venedeg ugetrueden, vir de Lëtzebuerger Pavillon bei der 58. Editioun vun der Biennale zu Venedeg anzeweien. Zesumme mam Kënschtler Marco Godinho, dee representativ fir de Grand-Duché ausgewielt ginn ass, huet d’Ministesch d’Qualitéit vun de Wierker ervir gehuewen.
Scho säit iwwer 20 Joer ass Lëtzebuerg mat engem Pavillon bei dëser riseger a renomméierter internationaler Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht an der italienescher Stad mat dobäi. Elo ass et um Marco Godinho eist Land ze vertrieden. Heivir huet hie säi Projet „Written by Water“ ausgewielt, dee sech op d’Kontinuitéit vun der kënschtlerescher Demarche an d’Relatioun tëscht Mënsch a Mier spezialiséiert. Als Quell vun diverse geféierlechen a romanteschen Erzielungen, sou wéi als geopolitesche Spillterrain faszinéiert d’Mier net nëmmen de Kënschtler a seng eege Konscht.
Written by Water vum Marco Godinho
An dësem Kader huet d’Sam Tanson sech immens houfreg gewisen, bei dësem Evenement dierfe mat dobäi ze sinn an d’Invitéën an der fantastescher Sale d’Armi begréissen ze dierfen. „De Vertrag, deen 2017 tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Fondazione La Biennale di Venezia ënnerschriwwe ginn ass, weist den onbesträitbaren Engagemeng vu Lëtzebuerga sengem Ministère fir Kultur vun der Konscht, der Architektur an der Konscht u sech“, sou d’Ministesch.
Et soll fir eng éischte Kéier sinn, datt Lëtzebuerg de sougenannte Ca’ del Duca – wou eist Land säit 1999 seng Ausstellung presentéiert huet – verléisst, fir un der internationaler Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht an der Sale d’Armi, direkt am Häerze vun Arsenal deelzehuelen. Der Kulturministesch gehéiert hei de Mandat an de Forum d’Art Contemporain ass responsabel fir d’Organisatioun an d’Koordinatioun vum Projet.