Search

You may also like

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
Neiegkeeten

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!
Neiegkeeten

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!

Um grousse Streik géint d‘Rentereform hu sech laut der Police:

Den Andalusier: Wéi ee Véierbeener eng Regioun mat Eleganz representéiert
Neiegkeeten

Den Andalusier: Wéi ee Véierbeener eng Regioun mat Eleganz representéiert

Generell gëllt d’Päerd als doucet an intelligent Déier, stécht reegelrecht

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun

Iwwer 5 Deeg huet sech déi grouss Auktioun ëm d’5G-Frequenze gezunn. Déi 4 vu 5 Lëtzebuerger Kandidaten, déi sech zum Schluss duerchsetze konnten, hunn zesummen iwwer 41 Milliounen Euro fir d’Notzung wärend 15 Joer gebueden. An Zukunft suergen d’Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online fir déi nei Generatioun vum Mobilfunk.

Op Demande vum Minister fir Kommunikatioun a Medien huet de Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) um 13. Juli 2020 mat der grousser Auktioun ronderëm déi héich Frequenzen ugefaangen. Just Eltrona Interdiffusion S.A. konnt sech an den 38 Ronnen net duerchsetzen.

Esou deelt de Kommunikatiounsservice vum ILR mat, datt déi 4 Operateuren en totale Montant vun 41.330.000 Euro zesummegedroen hunn, fir sech iwwert en Zäitraum vu 15 Joer ëm d’Exploitatioun ze këmmeren. De Kalenner gesäit fir, datt bis Enn 2020 d’Stad Lëtzebuerg mat der 5. Generatioun versuergt a bis 2025 déi national Ofdeckung garantéiert ass.

D’Resultater vun der Auktioun gesi folgendermoossen aus:

Bandbreet vu 700 MHz:

  • Orange Communications Luxembourg SA: 2×10 MHz
  • Post Luxembourg: 2×10 MHz
  • Proximus Luxembourg SA: 2×10 MHz

Bandbreet vun 3600 MHz:

  • Luxembourg Online SA: 10 MHz
  • Orange Communications Luxembourg SA: 10 MHz
  • Post Luxembourg: 110 MHz
  • Proximus Luxembourg SA: 100 MHz
5G

© Robin Worrall / Unsplash

D’Rechnung vun de Superlativer

Eng méi héich Geschwindegkeet, eng besser mobil Dateniwwerdroung, méi grouss Kapassitéiten – mat der weltwäiter Entwécklung beim Dateverkéier, stinn d’Netzbedreiwer virun genau esou groussen Erausfuerderungen. Déi 5. Generatioun versprécht dobäi den neien Entwécklungsniveau beim Mobilfunk a mat sengen neie Frequenzen, wéi och zuelräichen Antennen d’Revolutioun vum mobillen Dateverkéier ze presentéieren.

Déi national Operateuren hiewen dobäi d’Schnellegkeet besonnesch ervir: D’Reaktiounszäit bedréit manner wéi 10 Millisekonnen,d’Iwwerdroung vun 1 Gbit pro Sekonn ass méiglech, wouduerch een 10 Mol méi schnell wier, wéi mam Virgänger.

Déi béis Stralung – alles nëmmen hallef esou wëll?

Generell gëllt: Wat d’Frequenz méi héich ass (an dat ass beim 5G de Fall), wat d’Reechwäit ëmsou méi geréng ass. Doduerch gi méi Antenne benéidegt, fir eng Regioun ofzedecken. Déi elektromagnéitescher Stralung vum Mobilfunk ass – anescht wéi bei der Rëntgenstralung – net ioniséierend an huet net genuch Energie fir eist Ierfmaterial ze beschiedegen.

Iwwert d’Auswierkungen op d’Gesondheet si sech awer weder Wëssenschaftler, nach d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) oder déi International Agentur fir Kriibsfuerschung (IARC) eens. Säit 2011 gëllt d’Mobilfunkstralung als „potentiell kriibserreegend“, wat awer just bedeit, datt dës Aart vu Stralung prinzipiell Kriibs ausléise kéint. Als éischt mussen et awer Etüde mat realen Alldagsbedingunge ginn, fir méi genee a virun allem sécher Resultater opweisen ze kënnen.

D’Mobilfunkstralung bréngt, wéi eng Mikrowell, d’Waassermoleküler a Beweegung, wouduerch Hëtzt entsteet. Besonnesch do, wou den Handy widder eis kënnt, klëmmt d’Temperatur. Wéi déif eng Frequenz an de Kierper andréngs, hänkt dovunner of, wéi niddreg oder héich se ass. Generell gëtt gesot, datt niddreg Frequenze méi déif andréngen, a beim 5G leie mir bei éischter héije Frequenzen.

E Fazit iwwert d’Vir- an Nodeeler vun dëser neier Generatioun vum Mobilfunk kann een awer eréischt zéien, wann de ganze Bataklang bis seet.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Rischette, Chef de Service vum ILR; Luc Tapella, Direkter vum ILR © ILR / Eric Devillet

Related topics 5. Generatioun, 5G, Antennen, Auktioun, Dateverkéier, Frequenzen, ILR, Kapassitéiten, Luxembourg Online, Minister fir Kommunikatioun a Medien, Mobilfunk, Orange, Post, Proximus, Schnellegkeet
Next post Previous post