Search

You may also like

De Präis vun de fossille Brennstoffer huet sech agependelt
Neiegkeeten

De Präis vun de fossille Brennstoffer huet sech agependelt

Laut dem staatlech gefërderte Mediendéngscht vun de Pëtrolskonzerner, sinn d‘Präisser

JSL Kongress 2021
Neiegkeeten

JSL Kongress 2021

D’Lisa Kersch an den Amir Vesali goufe bei de Walen

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an
Neiegkeeten

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an

Duerch d‘Digitaliséierung vun eiser Aarbechtswelt wäerten an Zukunft ëmmer méi

ILR: Ëffentlech Consultatioun zur Notzung vum 5G

ILR: Ëffentlech Consultatioun zur Notzung vum 5G

Nach bis den 8. Dezember kann ee bei der ëffentlecher Consultatioun zur 5G-Strategie an sengem Frequenzberäicher vu 26 GHz, erstallt vum ILR, seng perséinlech Meenung, Bedenken a Besoinen matdeelen. Dobäi riicht ee sech net nëmmen un déi concernéiert Acteuren an der Industrie, mee un déi ganz Gesellschaft.

Nodeems am August 2020 d’Notzungsrechter un d’Post, Orange, Luxembourg Online a Proximus fir en Zäitraum vu 15 Joer verkaaft gi sinn, wëll een elo méi zu der Frequenz vu 26 GHz, déi wéi och déi 700 MHz an 3.600 MHz Deel vun de Frequenze vun der elektronescher Kommunikatioun solle ginn, gewuer ginn.

Dëse Frequenzberäich bitt eng immens Vitess bei der Kommunikatioun, kuerz Latenz-Perioden an eng effikass gläichzäiteg Verbindung vun zuelräichen Endpunkten. Soumat ass et net nëmmen am Sënn vu klasseschen Operateuren, mee och fir d’Industrie, Gemengen a Stied als Léisung fir innovativ Verbindungen virgesinn.

Zil vun der Consultatioun ass net d’Vergi vun Notzungsrechter, mee d’Analys vu Meenungen, Bedenken a Besoinen vun interesséierten Acteuren a Bierger. Déi ëffentlech Consultatioun fannt Dir op der Säit vum Service „Radioelektresch Frequenzen“ vum ILR.

Related topics Frequenz, ILR, Meenung, Notzungsrechter, Vitess
Next post Previous post