Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017
„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017
Fir d‘Cargolux an Lux-Airport schreift sech den 10. August a
Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur
Haut ass de Grënner vum Playboy, den Hugh Hefner, am Alter vun 91 Joer gestuerwen. An a sengem Liewen si vill skurril Saache geschitt, iwwert déi och vill geschriwwe ginn ass. Och iwwert säin Haus goufe ganz Bicher geschriwwen, ganz ze schweige vun de Sex-Geschichten, déi deels legendär, oft genuch och nëmme Legende, waren.
Vir säi Gedenken ze éieren, hu mer e puer flott Infoen zesumme gedroen, déi s de villäicht nach net wousst.
Iwwert Playboy Mansion gëtt jo vill geschwat. Mee wousst de, datt et eng vun de wéinegen private Residenzen ass, déi eng Zoo-Lizens hunn?
Wou mer grad bei Besonnegkeete sinn: Am ganze Country vum Playboy Mansion gëtt et keen anert Uwiesen wat eng Lizens huet, fir e Freedefeier ze maachen.
Den Hugh Hefner huet säi Business kleng ugefangen: En huet 8.000$ vu senger Mamm geléint fir de Playboy ze grënnen
Eng befroten Kanéngchenaart ass nom Hugh Hefner benannt an dréit den numm Sylvilagus palustris hefneri. De Grond firwat deen Numm gewielt ginn ass: d‘Playboy Corporation hat d‘Recherche mat finanzéiert.
De Playboy sollt uersprénglech Stag Party heeschen.
De John Lennon gouf bal verbueden nach emol an de Playboy Mansion ze kommen. De Grond: En hat, hefteg ugedronk wéi e war, eng Zigarett op engem Bild vum Matisse ausgedréckt. Anscheinend hänkt d’Bild awer nach.
Foto: AFP PHOTO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Charley Gallay