60 Joer diplomatesch Bezéiungen

D’Groussherzogtum Lëtzebuerg an déi koreanesch Republik feieren d’Bestoe vun hire 60 Joer laangen diplomatesche Bezéiungen, déi si de 16. Mäerz 1962 opgeholl hunn.

Bei dëser Geleeënheet huet den S.A.R, Groussherzog vu Lëtzebuerg mam Präsident vun der koreanescher Republik, dem S. E. Mr. Moon Jae-in häerzlech Gléckwënsch ausgetosch.

Et ass ee grousse Jubiläum – ee wichtege Schrëtt an enger laanger Zesummenaarbecht tëscht de béide Länner. Dëse reecht bis an de Koreakrich zeréck, ewéi Lëtzebuerg der Republik Ënnerstëtzung ugebueden huet.

An dësem Sënn hoffen déi zwee Staatsmänner op eng weider Verdéiwung vun enger bilateraler Zesummenaarbecht.

Dës weideren huet den Ausserierdescher Jean Asselborn een telefonescht Gespréich mam Ausseminister Chung Eui-yong gefouert. Bei dësem Austausch goung et ënnert anerem ëm Fluchdéngschter, Finanzen, Fuerschung an Innovatioun. Dobäi huet sech och d’Geleeënheet gebueden, Bilanz iwwert d’Zesummenaarbecht an multilaterale Foren, de Krich, sou wéi Fridden a Stabilitéit op der koreanescher Hallefinsel ze zéien.

Dernières nouvelles