Search

You may also like

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
Neiegkeeten

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen
Neiegkeeten

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen

Säit dem Joer 2001 gëtt all Joer um 20. Juni

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band
Neiegkeeten

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band

Traditionelle Klezmer mat Punk a Balkan „Beats“ vermëschen – datt

E Minister, seng Police an 62 Datebanken

Net datt Dateschutz wichteg wier, mee dat sinn där Fichieren awer masseg

E Minister, seng Police an 62 Datebanken

De Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng), ass nach ëmmer mam „Volet Casier-Bis“ beschäftegt an huet sech en Donneschdeg der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun misse stellen. Et war esou informativ wéi erschreckend, wat de Minister ze beriichten hat.

Alles an allem gëtt et 62 Fichieren op déi eis ronn 2.000 Poliziste kënnen zougräifen. Nieft dem zentrale Fichier, gëtt e ee Fichier fir Fangerofdréck, Videoiwwerwaachung an eng helle Wull un internationale Fichieren, déi vun de Beamte kënne consultéiert ginn. Bosseg, et gëtt esouguer eng Datebank mat de Police-Kandidaten, déi bei Bedarf opgeruff kënne ginn.

Elo muss ee wuel net direkt a Panik geroden, ëmmerhin huet alles seng legal Basis, woubäi et als erwise gëllt, datt eng uerdnungsgemäss Gestioun éischter d‘Ausnam wéi d‘Reegel ass. Beispill: An der Datebank vun de Police-Rekrutten, sinn och all d‘Dommheeten enthalen, déi dës an hirer Jugend zustane bruecht hunn. Interessant un dësem Beispill et geet hei net emol ëm Infraktiounen.

Gutt an dësem Kontext, datt de Minister assuréiert huet, datt déi legal Grondlage bis Enn vum Joer verbessert ginn. Säitens der Oppositioun, wou ee vum Zäitplang deen de François Bausch virginn huet éischter net iwwerzeegt ass – bei de Police iwwregens och net – stellt ee fest, datt et keng Reforme brauch, fir eng Gestioun d‘Been ze stellen, mee kloer Instruktioune vum Minister brauch

Wat elo déi 62 Datebanke betrëfft, esou sollen déi am Detail bei der nächster Sëtzung vun der parlamentarescher Kommissioun erläutert ginn. Hei ass dann nach drop hinzeweisen, datt d‘CSV-Fraktioun gefuerdert huet, Experten a Spezialisten aus dem Beräich Dateschutz ze consultéieren. Och mat der consultativer Mënscherechtskommissioun wëll d‘CSV iwwert d‘Datebanke schwätzen.

Hale mir dann nach kuerz fest, datt zanter d‘Gestreits mat de Fichieren ugefaangen huet, eng 400 Awunner bei der Police ugefrot hunn, Abléck an hiren Dossier ze kréien. 50 Demande waren awer onvollstänneg, 80 sinn ugeholl ginn an de Recht waart op eng Decisioun. Den Delai fir d‘Äntwert ass dann och op sechs Méint ausgedehnt ginn. Wéi een esou Vertraue schafe wëll, erkläert sech net.

Foto: Muhammad / Pixabay

Related topics Casier-bis, CSV, Datebanken, François Bausch, Justiz, Parlamentskomissioun, Police
Next post Previous post