Search

You may also like

surprise
Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen
International Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen

An der Mobilitéit léisst sech de Fortschrëtt net ophalen. Google

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
International Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier
International Neiegkeeten

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier

An de leschte Woche koum et des Ëfteren zu gréisseren

63 järege Journalist gëtt Nofolger vum Antonio Tajani

Europaparlament gënnt italienesche Sozialist d‘Presidence fir zweeanenhalleft Joer

63 järege Journalist gëtt Nofolger vum Antonio Tajani

De Manfred Weber ex konservative Spëtzekandidat a Fraktiounschef vun der EPP hat senge Leit de Rot ginn, d‘Kandidatur vum italienesche Sozialist fir d‘Presidence ze ënnerstëtzen, firwat déi zweet Hallschent vum Mandat, d‘Presidence un e Member vun der EPP iwwergeet. Eng Entscheedung déi iwwert d‘Fraktioun vun de Konservativen eraus, Majoritéitsfäeg war.

Et war och emol nees un der Zäit eppes Rou an de politesche Chaos eranzebréngen, deen duerch de Choix vun den 28 Staats- a Regierungscheffen, net déi sougenannte „Spëtzekandidaten“ fir déi verschidde Schlësselpositiounen ze ernimmen, ausgeléist ginn ass, an och am EU-Parlament villes a Fro gestallt huet. Déi genannte Persoune musse jo och nach vum Parlament per Vott bestätegt ginn.

De neie President hat Konkurrenz an am éischten Tour konnt den Italiener nach keng Majoritéit fir sech beusprochen. Am zweete vu véier méiglechen „Duerchgäng“ huet den David-Maria Sassoli dann awer 345 vun de 667 gültege Stëmme kritt. Interessant hei, den Euroskeptiker a Reformer aus Tschechien, Jan Zahradil, kënnt mat 160 Stëmmen op déi zweet Plaz, virum Ska Keller (gréng).

Ofsproochen als demokratescht Instrument?

Et ass am Kontext vun der Wahl vum President vum EU-Parlament wichteg drop hinzeweisen, datt och wann tatsächlech e Vott stattfonnt huet, dat Ganzt op den Ofsprooche berout déi, déi 28 Staats- a Regierungscheffen am Bezuch op d‘Verdeelung vun de Schlësselpositioune getraff haten. Déi hunn e „Management“ virgesinn an deenen all d‘Parteie sollte vertruede sinn. D‘Konsequenzen?

Zum enge kann e sech drop behaapten, datt et de Staats- a Regierungscheffe gelongen ass, déi eege Wënsch bei enger Majoritéit vun EU-Deputéierten an dréchen Dicher bruecht ze hunn. Dofir dann de „Mandat-Splitting“ tëscht S&D an EPP bei der Vergab vum Posten als EU-Parlamentspresident. Wat dat Geklüngels nach mam vun alle Säite gefuerderten demokratesche Prozess ze dinn huet?

Eng Äntwert op dës Fro kann et net virum 15. Juli ginn, dann eréischt stëmmen d‘EU-Deputéiert iwwert déi imposéiert Kandidate fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident, de Rotspresident, d‘Presidence vun der EZB an den EU-Kommissär fir Aussenugeleeënheeten of. D‘Sozialdemokrate wëllen, esou zumindest ass et annoncéiert, dem Ursula vun der Leyen hir Stëmm net ginn…

Wien der Däiwel ass den David-Maria Sassoli

De fréiere Journalist ass virun 10 Joer als EU-Deputéierte fir d‘éischt am EU-Parlament opgetaucht a gëllt als Kritiker vun der populistescher Regierung. De Géigendeel wier fir e Sozialist och éischter traureg. Hie stäipt sech géint déi vun der Regierung bedriwwe Migratiounspolitik an huet zolidd Problemer mat de Sabotageaktioune géintiwwer den europäeschen Institutiounen.

Et kann een elo net mat Sécherheet soen, vu datt den 63 järegen „Onbekannten“ jo och schéngt vun den 28 Staats- a Regierungscheffen am stëlle Kämmerlein auserwielt ginn ze sinn, net aus grad dësem Grond (Migratiounspolitik) d‘Presidence zougestane kritt huet, well domadder séchergestallt ass, datt den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, nees fierchterlech aus der Këscht spréngt.

Fir d‘Observateure vum Polit-Circus, ass de fréiere Moderator vum „Tele Giornale Uno“ (TG1) als Politiker e Noviz, deen awer sengerzäit vun enger hallwer Millioun Italiener als kompetent fir d‘EU-Parlament gesi ginn ass. Während sengem éischte Mandat war hien dann och de Leader vun den italienesche Sozialdemokraten, als Buergermeeschter vu Roum huet hien net gedaacht an déi lescht fënnef Joer war hien ee vun de sëlleche Vizepresidente vum EU-Parlament.

mat indymedia/sxb/bru

Related topics David-Maria Sassoli, EPP, EU-Parlamentspresident, Ofsproochen, S&D, Stroossbuerg
Next post Previous post