Search

You may also like

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!
International Neiegkeeten

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!

Passend zum Weltdag vun den Déieren huet de Roman Schneider,

Och en CSV-Parteipresident dierf eng Meenung hunn (Analys)
International Neiegkeeten

Och en CSV-Parteipresident dierf eng Meenung hunn (Analys)

Datt de President vun der gréisster Lëtzebuerger Vollekspartei zuweilen eege

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl
International Neiegkeeten

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl

Eigentlech gëtt d‘Recommandatioun „Bleift Doheem!“ vun der grousser Majoritéit vun

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Ministesch fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra presentéiert d‘Engagementer vu Lëtzebuerg

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Déi 63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“ (CSW) ass e Méindeg zu New York op der UNO erëffent ginn, a Lëtzebuerg gëtt hei vun der Ministesch fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra, Taina Bofferding (LSAP) representéiert.

Si huet hei d‘Engagementer vum Land, fir méi Autonomie fir d‘Frae virgestallt, an encouragéiert all concertéiert international Aktioune fir d‘Gläichstellung vun de Geschlechter. De CSW ass de gréisste Rendez-vous, deen et erlaabt d‘Konditioun vun der Fra ervirzehiewen, an sech fir positiv Changementer an de Memberlänner anzesetzen.

„De Frae méi Autonomie erméiglechen, dat verlaangt e legalen a praktesche Kader, dee sécherstellt datt een Zougang zur Bildung, dem Aarbechtsmaart, soziale Service an engem Gesondheetssystem huet“, esou d‘Taina Bofferding, dee weider erkläert: „Mir mussen zesummeschaffe fir d‘Ausübe vun de biergerlechen a politesche Rechter ze garantéieren. Dat ass besonnesch wichteg, fir d‘Roll vun der Fra bei der Moderniséierung vun eise Gesellschaften ze stäerken“.

An d‘Ministesch huet op déi vill a gutt Fortschrëtter vu Lëtzebuerg higewisen, ouni Abstraktioun vun de sëllechen Erausfuerderungen ze maachen, déi et besonnesch um Aarbechtsmaart gëtt. Esou beispillsweis de Accès zu Verantwortungsposten, an d‘Upassung vun de Gehälter. E Sujet deen d‘Taina Bofferding an engem bilaterale Gespréich mam Schwäizer Alain Berset, abordéiert huet.

Wat d‘Fërderung vun den LGBTI-Rechter betrëfft, esou huet sech d‘Ministesch doriwwer gefreet, datt Lëtzebuerg dem „LGBTI Core Group“ vun de vereenten Natioune bäigetrueden ass. „Mir dierfen eis Aen net virun der Gewalt an der Diskriminatioun verschléissen, déi dem Genre unhängeg sinn. Mir veruerteelen op dat schäerfst all dës Gewalt“, ënnersträicht d‘Taina Bofferding am Numm vun der Regierung.

mam SIP

Foto: (v.l.n.r.) Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra; Christian Braun, Ambassadeur vu Lëtzebuerg bei der UNO; Maryse Fisch, éischte Conseiller. © MEGA

Related topics Alain Berset, Christian Braun, Maryse Fisch, Taina Bofferding, UNO, Vereente Natiounen
Next post Previous post