Jonk Animateuren: 665 Breveten goufen iwwerreecht

Gëschter goufe fir eng 34. Kéier d’Animateurs-Breveten iwwerreecht. D’Zeremonie huet dobäi a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch, am Melusina stattfonnt. Ganzer 665 jonk Mënsche duerften dobäi hire Brevet entgéint huelen.

U Formatiounen deelzehuelen an dat ugëeegent Wëssen uschléissend mam Brevet bestätegt ze kréien, gëtt eng gewësse Responsabilitéit, déi gefuerdert Ofsécherung an déi néideg Kompetenzen, fir bei Fräizäitaktivitéit an a Kolonien e Grupp guidéieren a bespaassen ze kënnen.

An dësem Kader huet de Claude Meisch sech houfreg gewisen iwwert den Engagement vun den Animateuren, déi trotz schwieregen Ëmstänn zuelräich Aktivitéiten ugebueden hunn. „Ech freeë mech och ganz speziell, datt trotz Pandemie 665 Animateurs-Breveten un dësem Owend u jonk Animateuren verdeelt goufen.“

Folgendermoossen ënnerdeele sech d’Breveten:

  • Brevet A: 275 Animateur fir Vakanzenaktivitéiten
  • Brevet B: 206 Aide-Animateuren
  • Brevet C: 77 Animateuren;
  • Brevet D: 3 spezialiséiert Animateuren;
  • Brevet E: 28 Ekippecheffen;
  • Brevet F: 76 Formateuren.

Wien interesséiert ass, och esou eng Formatioun matzemaachen, ka sech iwwer www.animateur.snj.lu informéieren

Dernières nouvelles