Search

You may also like

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19
Stories

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19

D‘Zäite wieren haart, an se géifen nach eng Grëtz méi

Vill Leit bei H&M, allerdéngs keng Clienten
Stories

Vill Leit bei H&M, allerdéngs keng Clienten

Datt d‘Covid19-Pandemie dem Eenzelhandel d‘Joer 2020 zolidd versaut huet, dat

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder
Stories

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder

Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den USA, mir Europäer feieren dat net esou. An awer ass et e gudde Moment, fir sech e puer witzeg, flott an deels iwwerraschend Fakten zu dësem kulinaresche Phänomen unzekucken.

Di Däitsch wëlle méi Hamburgeren, d’Briten méi chinesescht Iessen

Laut enger Ëmfro vun Dalia Research steet den Hamburger an Däitschland héich an der Gonscht. Bei de Briten dogéint gewënnt dat chinesescht Iessen, wat net onbedéngt Fast Food muss sinn. A Frankräich wéilt ee gäre méi lokaalt Iesse gesinn – mee wann et Fast Food muss sinn, gewënnt hei de Sushi!

Hamburger ass net gläich Hamburger

Och wann en Hamburger normalerweis net vill kascht, ginn et Ausnahmen. Zum Beispill zerwéiert de Restaurant Old Homestead en Hamburger fir 44 US-Dollar. Firwat kascht deen esou vill? Well d’Fleesch vun der japanescher Wagyu-Kouzort stamt!

Fast Food ass keng amerikanesch Erfindung

Zwar steet d’Masseproduktioun am Ufank vun der moderner Fast Food Traditioun, mee Fast Food ass net nëmmen Hamburger a Co. Nieft de villen asiatesche Platen, wouzou och Sushi gehéiert, ginn et vill europäesch Varianten. Niewent Fritten an ähnlechem fënnt een zu Lëtzebuerg och vill portugisescht Fast Food, wéi zum Beispill Bifana.

An Down Under leeft et anescht

An Australien heescht Burger King „Hungry Jack‘s“. De Grond ass schnell fonnt: Den Numm war an Australien scho verginn. Et passt dann och, datt de Lizenzinhaber an Australien Jack Cowin heescht.

D‘Pizza geet ëm d‘Welt

D‘Pizza dierft eng vun den éischte globaliséierten Fast Foods sinn: Méiglech ass se eréischt duerch d‘Aféierung vun der Tomat no der Entdeckung vun den amerikanesche Kontinenter ginn. Duerno koum d‘Pizza dank den italieneschen Awanderer och erëm zeréck an d‘USA. Niewebäi: Pizza Hut huet och scho mol bis an de Weltraum geliwwert.

Groussherzogleche Fast Food

Zu Lëtzebuerg huet Fast Food a senge sëlleche Variante scho längst fouss gefaasst. Den éischte Quick gouf et hei am Land schonn 1983. Mee och virdrun gouf et scho Fast Food hei zu Lëtzebuerg, esou kéint een d‘Gromperekichelcher zu dëser Kategorie zielen, och wann se keng reng Lëtzebuergesch Erfindung duerstellen.

Éiweg beléift: Den Döner

Et weess een zwar net sou genau, wéini den Döner Kebab erfonnt ginn ass, mee zënter de 70er Joren ass en aus der Fast-Food-Zeen an Europa net ewech ze denken. Ursprénglech gouf den Döner mat Fleesch vum Hammel a Lamm gemaach.

Related topics Fast Food, Lëtzebuerg, USA
Next post Previous post