Search

You may also like

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg
International Neiegkeeten

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

De Summer ass elo „Geschicht“ a wa vu „Rentrée“ rieds

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
International Neiegkeeten

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch

dislike
D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso
International Neiegkeeten

D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso

Während den Donald Trump an d’USA dem Paräisser-Accord eng Ofso

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun

Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe vun der europäescher Mënscherechtskonventioun. Zil vun der Erklärung ass et d’Memberstaaten ze verbannen, d’Mënscherechter ze schützen an d’Grondfräiheeten oprecht ze erhalen. Déi allgemeng Mënscherechtserklärung vun 1948 gëtt méi gräifbar gemaach an esou en essentiellen Deel zur Demokratie bäigedroen.

Lëtzebuerg huet déi europäesch Mënscherechtskonventioun, déi iwwregens zu Roum vun de Memberstaate vum Europarot ënnerschriwwe ginn ass, als 10. europäescht Memberland ratifizéiert. Um 3. September 1953 ass se schliisslech a Kraaft getrueden a spillt zënterhier eng wichteg Roll an der juristescher a politescher Kultur bei alle Memberstaate vum europäesche Rot.

Zu Stroossbuerg goufen d’Rechter an d’Fräiheeten geformt an un d’Gesellschaft ugepasst. Ma, nodeems d’Berliner Mauer bis ofgerappt war, konnt d’Konventioun och zur Transformatiounen vun den zentralen an orientalesche Memberlänner an zur Vereenegung vum Kontinent bäidroen.

Fir de Bierger gëtt d’Konventioun da spierbar, wann et ëm beispillsweis ëm de Respekt vun der mënschlecher Dignitéit geet. Garantéiert ginn nämlech d’Recht op Liewen , e Verbuet vum schlechte Beholl an de Schutz vum privaten a familiäre Liewen.

Duerch fräi Wahlen, sou wéi d’Meenungs-, d’Reliouns-, d’Associatiouns- an d’Reuniounsfräiheet soll déi pluralistescher Demokratie erhale ginn. Ma, och d’Recht an de Rechtsstaat gi gefërdert, andeems ee gemeinsam Standarden fir Justizverwaltungen, d’Fräiheet an déi perséinlech Sécherheet definéiert huet an esou d’Eenzelpersoun virun wëllkürleche Moossname schütze wëll.

Mënscherechtskonventioun

Zu Lëtzebuerg hu virun allem d’Legislatioun, sou wéi administrativ a juristesch Praktiken um nationalen Niveau, wéi och d’Pressefräiheet besonnesch den Impakt vun der Konventioun gespuert. Affairen wéi Procola, Kun a Leandro da Silva géint Lëtzebuerg, Saint-Paul Luxembourg S.A., oder och Roemen a Schmit hunn eis Demokratie a juristesch Kultur nohalteg beaflosst.

An dësem Kader wëllen de Baussen- an Europaminister Jean Asselborn, an d’Justizministesch Sam Tanson d’Geleeënheet notzen fir ze widderhuelen wéi engagéiert Lëtzebuerg ass, fir déi verschidde Veruerdnungen ze respektéieren an Neier esou séier wéi méiglech anzeféieren, se awer och ze kontrolléieren. Grad haut sinn d’Wäerter vun der Konventioun fir eise System, dee vu Polarisatioun, Opspléckung, dem Hannerfroe vun de fundamentale Mënscherechter, oder och aktuell vun der Pandemie bedreet ass, immens wichteg.

Zu Lëtzebuerg wëll ee sech och an Zukunft fir den Erhalt, d’Entwécklung an de Schutz vum juristeschen an demokratesche Kader asetzen. Ëmsou méi hoffen d’Ministeren, datt no jorelaange Verhandlungen 2021 eng Eenegung fonnt gëtt, fir déi europäesch Unioun an d’Konventioun opzehuelen.

Opmaacherbild: © Joel Jasmin Forestbird / Unsplash

Related topics Demokratie, europäesch Mënscherechtskonventioun, géint Sklaverei, Gläichheet, Justiz, Meenungsfräiheet, Pressefräiheet, Recht op Liewen, Respekt, Schutz vum privaten a familiäre Liewen
Next post Previous post