Search

You may also like

money
Den Eenzelhandel hält sech…
Neiegkeeten

Den Eenzelhandel hält sech…

Et gi vill interessant Etüden, an et soll och emol

Zwangspaus fir dat britescht Parlament
Neiegkeeten

Zwangspaus fir dat britescht Parlament

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun
Neiegkeeten

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Eigentlech wollt de britesche Krichsveteran fir säin 100. Gebuertsdag „just“

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen

Déi „Nordatlantesch Vertragsorganisatioun“, déi am Joer 1949 ënnert der Bedeelegung vu Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass, huet gëschter säi 70. Joresdag gefeiert. Entgéint wuelkléngende Rieden iwwer „Sécherung vum Fridden“ an „Verdeedegung vun de westleche Wäerter“ mécht sech d‘NATO dorun, eng nei Rëschtungsspiral unzeheizen an de Konflikt mat Russland ze verschäerfen.

Spéitstens mam Ugrëffskrich zur Spléckung vu Jugoslawien viru genee 20 Joer, huet d‘NATO däitlech gemaach, datt si kee „Verdeedegungsbündnis“ mee eendeiteg e Krichsbündnis ass. Dat gouf dann nach eng Kéier duerch d‘Bedeelegung vun der NATO a hire Memberlänner un de Kricher an Afghanistan, am Irak, Libyen an den Ament och a Syrien ënnerstrach.

Am Widdersproch zur deemoleger Ukënnegung, huet d‘NATO no der eesäiteger Opléisung vum Warschauer Vertrag 1990, säi Gebitt systematesch no Osten ausgebreet. NATO-Truppe stinn haut – mat der Bedeelegung vu Lëtzebuerg – onmëttelbar un der grenz zu Russland, veranstalte Manöver am Ostséiraum an am Schwaarze Mier, an ënnerstëtzen de Regime vu Kiew beim unheize vun de Spannunge mat Russland.

D‘Memberlänner vun der NATO hunn fir Militärbudgeten op bis ewell onbekannt Rekordzommen eropgeschrauft an hu sech verflicht, weider honnerte Milliarde fir Rëschtung a Krich auszeginn. Si weigeren sech, dee bei de Vereenten Natiounen (UNO) virleiende Vertrag zum Verbuet vun Atomwaffe bäizetrieden a plangen d‘Entwécklung an d‘Stationéierung vun neien atomare Massevernichtungswaffen.

D‘KPL fuerdert am Kontext vum 70. Grënnungsdag vun der NATO:

  • de Réckzuch vun allen NATO-Truppe vun de Grenzen zu Russland, d‘Schaffe vun engem System vun der kollektiver Sécherheet an Europa;
  • eng drastesch Reduzéierung vum Militärbudget;
  • d‘Ënnerzeechnung vun UNO-Vertrag iwwert de Verbuet vun Atomwaffen duerch all d‘Staaten, déi am Besëtz vun dëse Waffe sinn.

Déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg ass der Meenung, datt de 70. Joresdag vun der NATO eng gutt Geleeënheet ass, dëst Krichsbündnis endgülteg opzeléisen.

An dësem Sënn rifft d‘KPL all d‘Mënschen am Land op, déi sech fir de Fridden asetze wëllen, sech aktiv um Ouschtermarsch dëse Samschdeg 6. Abrëll zu Lëtzebuerg ze bedeelegen.

Matgedeelt vun der KPL, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Friddensmarsch, FriSol, Jubiläum, KPL, NATO, Ouschtermarsch
Next post Previous post