Search

You may also like

Keen Agrëff an eis perséinlech Fräiheeten!
International Neiegkeeten

Keen Agrëff an eis perséinlech Fräiheeten!

D’Gefor, datt d’Corona-Pandemie mëssbraucht gëtt, fir aner Fuerderungen duerchzedrécken, gëtt

„Fake News?! [ˈfɛɪ̯kˌnjuːs]“ – D’Themerei vum Trifolion am Abrëll 2021
International Neiegkeeten

„Fake News?! [ˈfɛɪ̯kˌnjuːs]“ – D’Themerei vum Trifolion am Abrëll 2021

Den Iechternacher Trifolion invitéiert op zwee Evenementer Enn Abrëll 2021,

Et hat ni ee Récktrëtt ginn
International Neiegkeeten

Et hat ni ee Récktrëtt ginn

En interessante politesche Rechtssträit schéngt sech unzekënnegen, nodeems de fréiere

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nom Gespréich mam Chef, trëfft sech de Jens Stoltenberg mam Management…

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nodeems den NATO-Generalsekretär sech beim US-President zum Rapport gemellt hat, huet hie gëschter virum US-Kongress – am Kontext vum 70. Gebuertsdag vun der Allianz – dierfen eng Ried halen. Hien huet dat besonnescht Partenariat a seng Errongenschaften ervirgehuewen.

An et dierf ee roueg behaapten, datt de 45. US-President bei dësem Jubiläum esou eppes wéi de Spillverdierwer ass. Dat ännert den Ament näischt um Fakt, datt d‘USA dee wichtegste Partner an dëser militärescher Allianz sinn. Si si beileiwen och net méi deen zouverlässegsten. Dat huet nees mam US-President ze dinn, well den Donald Trump ganz onverhuelen den Notze vun der NATO a Fro stellt, an doriwwer eraus net méi eleng fir déi ganz Käschte wëll opkommen.

Esou ergëtt et sech, datt et schonn emol méi Freed gemaach huet d‘US-Haaptstad ze besichen, och wa gewosst ass, datt esouwuel an der Bevëlkerung wéi bei den Demokraten an de Republikaner, et méi Zoustëmmung fir d‘Allianz gëtt, wéi Widderstand. An et wier gutt wann et esou géif bleiwen.

Wann nëmmen nach d‘Féiss „hannen“ erausluussen

Als Gaascht ass et wichteg gutt Manéieren zumindest virzetäuschen, an de Jens Stoltenberg dee sech no der Entrevue mam Milliardär muss gefrot hunn wat hien iwwerhaapt do mécht, huet am US-Kongress eng regelrecht Charmoffensiv vollbruecht. Mee wann d‘Schëllere bis duerch sinn…

De NATO-Generalsekretär huet manéierlech Merci fir de Friddensasaz an Europa gesot. „D‘Stäerkt vun enger Natioun kann een u senger Wirtschaftskraaft oder der Unzuel vun Zaldote moossen, mee och un der Zuel vu Frënn. D‘USA hu wéinst de NATO méi Frënn an Alliéiert wéi all déi aner Groussmuechten. Dat huet Amerika gestäerkt a méi sécher gemaach“, esou de Jens Stoltenberg.

Mee „Stäerkt“ a „Sécherheet“ hunn hire Präis, an den Donald Trump wëll net méi eleng fir déi ganz Käschten opkommen, firwat déi Alliéiert opgefuerdert goufen, méi an d‘Verdeedegung, spréch Oprëschtung, ze investéieren. An hien hätt sech bei de Membere fir héijer Beiträg agesat.

D‘Welt vun haut muss sech de Verännerunge stellen

Am Kongress ass d‘Ried vum NATO-Generalsekretär vu vill Applaus begleet ginn, well och hei ass een der Usiicht, datt d‘Memberlänner hire Bäitrag op mindestens 2% vum BIP festleeë mussen. An och den US-Kongress ass besuergt, datt déi gesaten Ziler net kënnen erreecht ginn.

Dozou de Jens Stoltenberg: „D‘NATO ass eng staark Allianz, an fir datt deem esou bleift, muss et eng Fair Allianz sinn. An enger idealer Welt misst ee kee Geld fir d‘Verdeedegung ausginn, mee et wier keng ideal Welt, well de Fridden huet Feinden, a Feinde muss een ofschrecken“. Wien de Feind ass, gouf och genannt. Dee sëtzt bekanntlech zu Moskau a bastelt un neien Atomrakéiten

Elo entwéckelen och d‘USA nei Atomwaffen, mee dat kann ee jo net vergläichen. „Russland huet nei Atomrakéiten opgestallt. Mir mussen ugemooss a koordinéiert virgoen, ouni dat selwecht wéi d‘Russen ze maachen. Mir hu keng Absicht Atomwaffen an Europa ze stationéieren, mee d‘NATO wäert ëmmer déi Schrëtt ënnerhuelen, déi eng glafwierdeg Ofschreckung sécherstellen“.

Datt d‘NATO net ganz onschëlleg um Sträit mat Russland ass, an et säit enger gefillten Éiwegkeet US-Atomwaffen – déi op Russland ausgeriicht sinn – an Europa, virzuchsweis an Däitschland gëtt, ass jo elo kee Geheimnis. Zudeem spillt hei och d‘Osterweiderung vun der EU eng gewësse Roll.

Mam Fanger op Däitschland weise geet ëmmer

Wann et elo richteg ass, datt sech 2014 d‘NATO-Memberen drop gëeenegt hunn, d‘Zil vun den 2% vum BIP fir Rëschtung anzehalen, an dat bis 2024, esou stëmmt et och, datt Berlin zougesot huet bis 2024, 1,5% vum BIP fir „Verdeedegung“ opzebréngen. Wéi se dat wëlle ronn kréie weess keen.

Op där enger Säit den däitschen Ausseminister, Heiko Maas (SPD) deen am Kontext vum NATO-Jubiläum seet: „Wéi mir eise Budget gestalten ass fir Aussestoender net einfach ze verstoen, dat wësse mir, mee mir hunn eis verflicht méi Geld an d‘Verdeedegung ze stiechen, a mir stinn zu eisem Wuert“. Dat ass nach ëmmer keng Bestätegung dofir, de Verdeedegungsbudget ze erhéijen.

An op där aner Säit hu mir den däitsche Finanzminister, Olaf Scholz (SPD), deem seng aktualiséiert Finanzplanung net erkenne léisst wéi dës Ziler sollen erreecht ginn. Fir 2023 sinn 1,26% vum BIP fir Rëschtung geplangt. De Sprong vun 1,26 op 1,5% 2024, läit am zweestellege Milliarde-Beräich.

US-Vizepresident huet och aner Kritikpunkten

Mee d‘Amerikaner, déi sech am kriteschen Ëmgang mat Däitschland wuelzefille schéngen, hu méi wéi nëmmen d‘Verdeedegungsausgabe „queesch“ stoen. De Mike Pence, US-Vizepresident an net manner verbruet wéi de Milliardär, huet virun de Feierlechkeeten nach emol „zougeschloen“.

Hien ass, wéi déi ganz Sippschaft am Wäissen Haus, vun Däitschland och wirtschaftlech batter bis ontréischtlech enttäuscht. Datt Berlin mat Moskau kooperéiert fir eng Gaspipeline (Nord Stream 2) ze bauen, an esou och derzou bäidréit dat jiddereen an der EU vum russesche Gas profitéiert, dat ass en däitlechen Affront. An éischter Linn allerdéngs, well d‘USA eis hire Gas verkafe wëllen.

An datt d‘EU och nach wëll um Atomofkommes mam Iran wëll festhalen, firwat Moossnamen ergraff goufe fir d‘US-Sanktiounen ze ëmgoen, dréift de Mike Pence op déi berüchtegt Palm. Si wëllen den Toun uginn, a maachen dat och, datt domatter deenen anere d‘Fest versaut gëtt ass egal.

mat indymedia/was/bru/lon

Foto: Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet sech dem US-Kongress gestallt © NATO

Related topics Heiko Maas, Jens Stoltenberg, Jubiläum, Mike Pence, NATO, NATO-Generalsekretär, US-Kongress
Next post Previous post