Search

You may also like

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno
International Neiegkeeten

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno

Tarantula ass houfreg matdeelen ze kënnen, datt de Film „Streams“

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen
International Neiegkeeten

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen

Déi britesch Aarbechterpartei (Labour) wëll Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, dat

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“
International Neiegkeeten

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“

Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier

Viru gutt enger Woch war schonn emol eng Nossschuel virun der tunesescher Küst ënnergaangen. Vun de 86 Mënschen op dësem Boot, hunn et der dräi iwwerlieft. Elo dann op en Neits en Ongléck virun der tunesescher Küst an de Bilan läit bei provisoreschen 72 Affer, déi vun der Küstewaach aus dem Waasser gefëscht goufen. Zwou weider Läiche sollen um Strand opfonnt gi sinn…

Dat verdäitlecht och nees, wéi geféierlech d‘Mëttelmier tëscht Libyen an Italien ass. Vun der IOM (International Organisatioun fir Migratioun) – déi nach um 3. Juli déi international Gemeinschaft opgefuerdert huet, hir Approche géintiwwer de Migranten a Flüchtlingen a Libyen ze iwwerdenken – gëtt drop higewisen, datt dëst Joer ronn 680 Mënschen d‘Flucht no Europa net iwwerstanen hunn.

Elo fuerderen och déi Vereenten Natioune vun der EU nei Rettungsmissiounen am Mëttelmier ze organiséieren. Déi Verantwortlech: de Filippo Grandi (Chef vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR) an den Antonio Vitorino (IOM) erënneren drun, datt déi an der Vergaangenheet agesate Schëffer, bei Sich- a Rettungsaktiounen, dausende Mënschen d‘Liewe gerett hunn. Dat misst nees opgeholl ginn.

Den Ament gëtt dës „Missioun“ exklusiv vun ONGen iwwerholl an deenen hir Schëffer gesinn sech onberechtegte Poursuitten ausgesat, wa si dann agräifen, Mënsche virum erdrénke retten a versichen an e sécheren Hafen ze bréngen. Hir Schëffer géife beschlagnaamt, d‘Offizéier verhaft an d‘Crew kriminaliséiert. Laut dem Filippo Grandi an dem Antiono Vitorino, ass dat déi falsch Virgoensweis.

mat indymedia/bru/gva

Foto: (Archiv) D‘IOM zesumme mam UNHCR fuerderen déi europäesch Unioun op, zum engen sech eng aner Approche géintiwwer de Flüchtlingen a Migranten zouzeleeën an zum aneren, nees d‘Rettungsmissiounen um Mëttelmier opzehuelen. Zudeem dierften ONGen net kriminaliséiert ginn wëll si Mënscheliewe retten. © Francesco Malavolta/IOM 2015

Related topics IOM, Libyen, Mëttelmier, Migratioun, Séinoutrettung, Tunesien, UNHCR
Next post Previous post