Search

You may also like

Am Dossier Google brauch et endlech Äntwerten
International Neiegkeeten

Am Dossier Google brauch et endlech Äntwerten

Wa gewosst ass, datt sech den amerikaneschen Internetkonzern Google zu

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften
International Neiegkeeten

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften

Iwwer 40 Natiounen hunn um Sommet iwwert déi dramatesch finanziell

Migratioun: De briteschen Dram
International Neiegkeeten

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

Déi 74. Weltgesondheetsversammlung huet an digitaler Form stattfonnt

Déi 74. Weltgesondheetsversammlung huet an digitaler Form stattfonnt

De Mount Mee steet ënnert dem Zeeche vun der Gesondheet. All Joer treffe sech déi 194 Memberstaaten vun der Weltgesondheetsorganisatioun bei der traditioneller Weltgesondheetsversammlung zu Genf. Duerch déi sanitär Gesondheetssituatioun ass dës Versammlung, sou wéi och d’lescht Joer virtuell. A wéi soll et anescht sinn, am Mëttelpunkt vun den Diskussioune steet d’Covid-19 Pandemie.

Ënnert anerem war riets vun engem Virschlag, deen aus engem Bericht vun engem sougenannten Expertegremium koum. Dësen ass ënnert dem Virsëtz vum Helen Clark, der ehemoleger Premierministesch vun Neiséiland an dem Ellen Johnson Sirleaf, der ehemoleger Presidentin vun Liberia entstanen. Dobäi geet et ëm d’Ariichtung vun engem World Health Treaths Council – e Sécherheetsrot am Beräich vun der globaler Gesondheet sou wéi ëm d’Eenegung iwwert d’Realisatioun vun engem Pandemie-Vertrag. An dësem Kader gëtt fir Enn November eng Sonnersëtzung vun der WHO aberuff.

E weidere Punkt vun der Diskussioun war de globalen Zougang zu de COVID-19 Impfstoffer an dee breede Sputt tëscht de méi räiche Bevëlkerungen an den Entwécklungslänner. Tatsächlech goufen nämlech schonn 83% vun den Impfstoffer a Länner mat héijem Akommes agesat.

Dofir huet de Franz Fayot, Minister fir Zesummenaarbecht an humanitär Hëllef gesot, datt Lëtzebuerg seng Beméiunge fir en internationale Mechanismus zum Austausch wäert verstäerken. Esou hunn méi vulnerabel Bevëlkerungsgruppen an d’Gesondheetspersonal d’Méiglechkeet op eng Impfung.

Des weideren ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Entwécklung vun engem Pandemievertrag – ausserdeem ass geplangt sech mam néidege Wëssen un enger Initiative ze bedeelegen, déi vun enger Schwäizer Weltbiobank kënnt.

E grousst Thema an der Gesondheetsversammlung waren och d’Mängel vun enger UN-Agentur, dës goufen haaptsächlech duerch d’Covid-19 Pandemie opgedeckt. Leider besteet keen Zweiwel, datt de System an dëser Form net fäeg ass, esou eng gravéierend Gesondheetskris ze antizipéieren. Esou een Zeenario däerf net méi virkommen. An dësem Kader ginn elo vun Experten d’Impfsolidaritéit sou wéi massiv Finanzhëllefen recommandéiert.

Opmaacherbild: © Sara Bakhshi / unsplash

Related topics 74. Weltgesondheetsversammlung, Finanzhëllefen, Impfung, Pandemie, räich Länner, Solidaritéit
Next post Previous post