Search

You may also like

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea
International Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea

Tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-un herrscht Äiszäit.

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt
International Neiegkeeten

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt

Um Freideg war d’Regierung zesummekomm, fir sech iwwert déi international

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft
International Neiegkeeten

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat

75 Joer UNO… den Donald Trump hat keng Loscht

75 Joer UNO… den Donald Trump hat keng Loscht

Mat engem Festakt hunn déi Vereenten Natiounen (UNO) um Méindeg hir 75 järege Jubiläum zelebréiert, datt allerdéngs ganz iwwerraschend ouni den US-President. Dee sollt sech eigentlech mat enger Video-Botschaft als éischte Vetrieder vun den 193 Memberlänner äussere sollen. Hien huet et virgezunn, dat der Vize-Ambassadrice Cherit Norman Chalet ze iwwerloossen.

UNO

Wärend méi wéi 15 Staats- a Regierungscheffen aus aller Welt fir de Festakt sech perséinlech mat engem Grouss un d‘Natioune geriicht hunn, hunn d‘Amerikaner déi drëtt Gard an d‘Feld geschéckt. An de „Message“ war däitlech: d‘UNO hätt sech ze laang géint Reformen an Transparenz gewiert, zudeem wier een eppes ze empfänglech fir d‘Aflëss vun autokratesche Regimmer an Diktaturen.

Zum Optakt vun dësem Festakt, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres un déi vill Erausfuerderungen erënnert, deenen sech d‘Weltgemeinschaft ze stellen huet. Hien huet d‘Länner opgeruff méi effizient zesummenzeschaffen. Op dat den Donald Trump nach ermontert kritt, sech wéinstens beim Optakt zur Generaldebatt ze äusseren? Den Ament gesäit et net duerno aus.

UNO

Am Kontext vun der Generaldebatt ass nach drop hinzeweisen, datt all Land ee Vertrieder schéckt, fir säint zum Debat bäizedroen. Wéinst der Covid19-Pandemie, kommen allerdéngs net all dës Leit um New Yorker Sëtz vun der UNO zu Wuert. Hei ginn am viraus opgezeechent Riede benotzt. Et ass dann och zimmlech onvirstellbar, datt den US-President sech do géif enthalen.

Related topics 75 Joer UNO, Antonio Guterres, Cherit Norman Chalet, Donald Trump, Vereenten Natiounen
Next post Previous post