Search

You may also like

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!
Neiegkeeten

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!

Dëst Joer war erëm vum 11. Juli bis den 5. August

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!
Neiegkeeten

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!

Ab e Méindeg, de 14. Juni an nach bis de

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia
Neiegkeeten

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an

Si „kämpfen“ online mee och an de Gaassen

D‘Fraen am Land hu sech net vu Covid19 aschüchtere gelooss an hu sech fir hir Rechter agesat

Den 8. Mäerz ass internationale Fraendag. Dee gëtt vu villen als eng „kommunistesch“ Erfindung verkläert, wat erkläert firwat gewësse politesch Parteien an aner reliéis indoktrinéiert Honoratioren sech an däischtere Keller verstoppen.

Et war dann och nees en zolitten an erfollegräiche „Kampfdag“ deen d‘JIF hei op d‘Bee gestallt huet. Online sollen sech ee puer honnert Leit un der Visiokonferenz bedeelegt hunn. Um spéiden Nomëtteg waren et da gutt iwwer 1.000 Aktivistinnen, déi sech dem Marsch vun der Gar bis op d‘Plëss ugeschloss haten. Si waren net ze iwwersinn an net ze iwwerhéieren, an dat ass gutt esou.

Zu Lëtzebuerg, engem Land vun deem een ausgeet, datt den Extrait vum Kont de Grad vun der Diskriminatioun bestëmmt, sinn d‘Fraen net besser gestallt wéi anerwäerts an Europa och – wann een dann emol vu Polen an Ungarn ofgesäit. D‘Gläichstellung vun de Geschlechter (där et ëmmer méi ze gi schéngt) ass zu Lëtzebuerg, wou politesch déi „al wäiss Männer“ nach ëmmer d‘Soen hunn, ass wuel hei an do emol en Thema, mee d‘Kierch wëll dat net an d‘Regierung och net.

Den 8. MäerzFraestreik 2021 © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat kann een esou behaapten, an esouguer Bäifügen, datt alleguerten déi an der Regierung, wéi an der Chamber aktiv Fraen, sech selwer just „verbal“ fir d‘Gläichstellung asetzen, de facto awer hei kloer op der Brems stinn. Wier deem net esou, dat géif den Ecart bei de Pensiounen tëscht Fra a Mann keng 44% bedroen. D‘Konditioun fir elengerzéiend Fraen, eigentlech ee Fall fir den EuGH.

Kuerz a knapp: et ass gëschter nees revendiquéiert ginn, wat schonn zanter der „Nuecht vun den Zäiten“ gefuerdert gëtt. De “show-case“ vun den LSAP-Minister Taina Bofferding an Dan Kersch, virum Arcelor Gebai (Rousegäertchen) méi waarm Loft wéi dann ee Bekenntnis zur noutwenneger Gläichstellung, woubäi wéinstens si den Androck versicht hunn oprecht ze halen, datt de Kaviar-Sozialismus fir d‘Rechter vun de Fraen antrëtt. D‘Legislatioun weist dat deem net esou ass.


@page { margin: 0.79in } p { margin-bottom: 0.1in; line-height: 120% } a:link { so-language: zxx }
Wat ass lénke Feminismus? Wisou ass d’JIF Plattform esou wichteg? Hei ee kuerzt Gespréich iwwer wéi déi Lénk sech zum Feminismus positionéiert a wisou et esou wichteg ass beim Fraestreik dobäi ze sinn, mam Line Wies, Carole Thoma an d’Ana Martins

An datt et – wann de Site vun der Chamber och versicht et anescht duerzestellen – kee politesche wëllen huet, d‘Konditioun vun der Fra generell, an d‘Konditioun vun de Geschlechter insgesamt ze verbesseren, kann een och u folgendem Festmaachen: d‘MEGA-Ministesch huet „missen“ optriede well hire „fucking Job“ ass. All déi aner „politesch Fraen“, hu bewisen datt et gutt ass, wéi et ass.

Vun dëser Demonstratioun distanzéiert hunn sech: d‘Demokratesch Partei, déi gréng, d‘ADR, d‘CSV an erschreckenderweis och d‘Piraten. D‘KPL an déi lénk bekennen sech oppen zu de Fraerechter an der Gläichstellung. Wann een awer regelméisseg an der Chamber mat grousse Rieden optrëtt, sollt een den 8. Mäerz och Faarf bekennen. Wieren si sech eeneg, datt Fraen déi selwecht Rechter wéi Männer missten hunn, hätten se längst legiferéiert. Si haten 100 Joer Zäit…

Foto: Fraestreik 2021 © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Fraestreik, Gläichstellung, Internationale Fraendag, JIF, Mäerz, Politik
Next post Previous post