Search

You may also like

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire
Neiegkeeten

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire

An déck engem Mount geet d‘Schoul nees un, a wéi

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert
Neiegkeeten

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert

Nodeems et an der Belsch zu Grendel, an enger Biogasanlag

Autofestival 2021: Iwwerall zefridde Gesiichter
Neiegkeeten

Autofestival 2021: Iwwerall zefridde Gesiichter

Zanter dem Mäerz d‘Lescht Joer beherrscht de Covid19 eist Liewen.

ANNULEIERT!! 9. November: De Marsch fir d‘Fräiheet

Rendez-vous um Parvis vum Stater Theater – Den Depart ass 12 Auer

ANNULEIERT!! 9. November: De Marsch fir d‘Fräiheet

Wéinst Problemer mam Parcours, déi den Tramschantieren an de Chrëschtmäert geschëlt sinn, huet d‘Stad Lëtzebuerg den Organisateuren (ANC Lëtzebuerg) gëschter matgedeelt, datt si dëse Marsch net méi kënne geneemegen. Bei esou eng kuerzen Delai ass net méiglech en alternative Parcours op d‘Been ze stellen. De Marsch fir d‘Fräiheet vum 9. November muss domatter annuléiert ginn. Esou wéi en neien Datum fonnt gëtt, informéiere mir iech.

Matgedeelt vun Assemblea Nacional Catalana, Lëtzebuerg

Nodeems déi spuenesch Regierung de 14. Oktober 9 politesch a sozial Leader vum katalaneschen Onofhängegkeetsmouvement zu insgesamt 100 Joer Prisong veruerteele gelooss huet, benotzt si op en neits d‘Justiz fir all déi ze bestrofen, déi sech engem Uerteel entgéintstellen, dat si fir ongerecht halen. Si hu mat de Leader ugefaangen, elo huelen si sech d‘Bierger…

Woubäi si net d‘Uerteel ofgewaart hunn. Mat der Verhaftung vu 7 CDR-Memberen, déi si ouni datt et objektiv an haltbar Beweiser géif ginn, gouf en Ufank gemaach. Nom Uerteel ass et riicht weider gaangen, dat mat enger strammer Repressioun vun de Protester déi sech nom Uerteel erginn hunn. Et ass hei zu intolerabele Comportementer bei der Police komm.

D‘Iwwergrëff si vun der Regierung mat der Gewaltbereetschaft vun den Demonstrante justifiéiert ginn. Beim Asaz vun der Police si Manifestanten deels ganz schwéier blesséiert ginn. Véier Leit sollen d‘Aeliicht verluer hunn, ee Mann wier esou hefteg am Ënnerleif getraff gi sinn, datt him huet missen eng Jick amputéiert ginn. Iwwer 200 Demonstrante goufe verhaft.

Verhaftungen déi och viru ganz jonken Demonstrante keen Halt gemaach hunn. An dat ass nach laang net alles. D‘Lëscht vun de repressiven Aktiounen, déi all zum Zweck hunn eis de Maulkuerf ze verpassen, gëtt all Dag méi laang. Mir kënnen deem net einfach nokucken. Fir der Welt ze weisen, datt et esou net geet, organiséiere mir dëse Marsch fir d‘Fräiheet.

Mat dëser Manifestatioun stelle mir eis der Ongerechtegkeet an der Repressioun géint d‘Katalanen entgéint. D‘Assemblea Nacional Catalana zu Lëtzebuerg schléisst sech mat dëser Aktioun de Märsch un déi a Katalounien stattfonnt hunn. De „Marsch fir d‘Fräiheet“ féiert vum Glacis um Lampertsbierg bis bei d‘Gar, a fënnt um 12 Auer de 9. November statt.

Mat dëser Aktioun – grad wéi mat eiser leschter Versammlung op der Clairefontainesplaz – wëllen och mir eise Sandkär zur Verdeedegung vun der Demokratie bäidroen. Mir ruffen all déi Leit op, déi sech fir Demokratie a Selbstbestëmmung asetzen, sech eis unzeschléissen.

matgedeelt vun Assemblea Nacional Catalana zu Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics ANC, Assemblea Nacional Catalana, Katalounien, Marsch fir d'Fräiheet, politesch Prisonéier, Spuenien
Next post Previous post