Search

You may also like

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion
Stories

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion

D‘Iddi vun engem Liichtathletik-Stadion zu Déifferdeng ass net nei, mee

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen
Stories

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen

Zu Walfer wäert en ënnerierdesche Passage um Niveau vum PN17

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup
Stories

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Hien huet Talent an ass entspriechend séier ënnerwee: den Dylan

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

Et ass schonn eng Zäitchen hier wou s du Airwalks gedroen hues, däi Mini Disc am Invicta has a Raab in Gefahr  gekuckt hues. Du fills dech wahrscheinlech nach ëmmer net al mee an deene leschte Joren ass vill passéiert an et ass haut sou munches nawell ganz anescht. Aus Kanner gi Leit soen se, kanns du dech nach erënnere wat deemools „in“ war?

  1. An der Nouvelle Façon hues du deng Nici Petzie kaf oder matgoe gelooss fir „de Kick vum Augenblick“ wann ech dierf déi poetesch Band Tic Tac Toe zitéieren. 1998 war d’Videosurveillance nach net esou performant, do konnt een nach Saache matgoe loossen. Et huet een awer scho ganz gutt missen si, fir déi groovey Lavaluucht onopfälleg an den Eastpack ze kréien.
  2. Wann een net sou culottéiert war, dann ass een einfach nëmmen d’Pouster dohi kucke gaange, wann een op de Bus gewaart huet.
  3. Een exzellente Snack Choix fir am Bus war zum Beispill eng Carazza Pizza, e Frufroo oder e Lunchable mat zesummegebautem „Sandwich“ aus gepresstem Kéis, Ham a Cracker. Een Delice!
  4. Deng plastiks, opbloossbar Stuff aus dem Casa war schonn eppes ganz Schickes, och wann ee beknackt drop souz.
  5. Du hues denge Kollegen hier Adress an Telefonsnummer an däin Diddl-Adressverzeichnis opgeschriwwen a wann s de hinnen op de Festnetz ugeruff hues, war deng gréissten Angscht, datt d’Eltere géifen ophiewen. Dee Gedanke mat engem Erwuessene mussen ze schwätze war jo fuerchtbar.
  6. Wann s de bis al genuch waars fir een Handy ze kréien, hues de dir e Klapphandy gewënscht well et gëtt kee méi lässege Move wéi no engem Telefonsgespréich, den Handy ganz dramatesch zou ze klappen. RIP Klapphandy.
  7. Wann s du een Nokia 3210 has, war deng Batterie eng ganz Woch  gutt obwuel s du stonnelaang Snake drop gespillt hues an dir Billercher vum Jamba Monatspaket drop gelueden hues.
  8. Du bass samschdes mat dengen Elteren akafe gaangen, an der Hoffnung eng nei Tiptop/Pronto Kaart ze kréie well s de erëm net opgepasst hues a SMS’en iwwert 160 Zeeche verschéckt hues. Dat war wuel verstanen no der Schoul, well du hues samschdes nach missen untrieden.
  9. Wat war dat eng Virfreed an zugläich nerveg eng ganz Woch op deng Fotoen ze waarden déi s du mat dengem waasserdichte Wegwerfapparat geknipst hues. Du has schliisslech keng 200 Frang locker fir d’Direktentwécklung.
  10. Deng Fotoen hues de stonnelaang versicht ze scannen an am richtege Format ze späichere fir se op däin ICQ Messenger ze lueden.
  11. Du hues fir deng Exposéen nach misse Recherchen an engem Buch maachen, den Internet ass net ëmmer gaangen an de Lycos hat nach net souvill Brauchbares drop. Wann s de Chance has, has de doheem d’Encarta Enzyklopedie, da waars du an der Morale den Held mat dengem Copy Paste Exposé.
  12. Ambitiéis hues de un denger Party.lu a MySpace Säit gebastelt, schliisslech wollts du dee glamouréise Glitzerhannergrond mam blénkege Kussmond drop kréien.
  13. Wat am noosten un Pornographie erukoum, waren d’Bravo Sex Säiten! Ausser et huet een engem grousse Brudder eng Praline gezoppt! Oder et konnt een an der Videothéik hannert de Rideau luussen. Iergendwéi ware mir nach richteg onschëlleg! Haut weess all 13 Järege wat Fisting ass a mir hunn nach Heavy Petting kannt!
  14. An iwwerhaapt, dat Konzept vun der Videothéik, mussen an e Buttek goe fir eng Kassetten auszeléine fir e Film ze kucken… Netflix war nach ganz weit ewech.
  15. Wou hues du däin Date fonnt ? Am Luxusbuerg Chat !
  16. Wann s de nach keen Handy has, hues de misse pünktlech sinn a konnts däi Rendezvous net last minute ofsoen.
  17. Du hues missen den Telefon anhänke wann s de wollts op den Internet goen. An du hues dech um Internet missen ausloggen, soss gouf et eng kräfteg Rafeg well d’Telefonsrechnung ze deier ginn ass.
  18. Fir den Internet hues de missen eng laangwiereg Connectioun opbauen déi komesch Geräischer gemaach huet.
  19. Fir den Horaire vum Bus ze wëssen, bass de op d’Bushaltestell gaangen an du hues misse mat denger Langweil eens gi wann de Bus net pünktlech war, wanns du nach keen Handy has fir drop ze spillen.
  20. De Kinosprogramm hues du an der Zeitung analyséiert.
  21. Vun dengem Täschegeld bass du dir eng Maxi CD kafe gaange wou nëmmen zwee Lidder drop waren, an zwar eemol Radio Edit an eemol Remix.
  22. Du hues deng CD’en am CD Tuerm alphabetesch klasséiert an du has eng Kollektioun Musek mat vereenzelte Schätz wéi zum Beispill Kuschelrock, Euro Dance Hits an The Dome.
  23. Du bass an de Kaurig deng faarweg Cd Rohlinge kafe gaange fir super Kompilatiounen ze brennen déi s du bei Napster a co. erof gelueden hues an dofir den Haustelefon ee ganzen Dag ausser Betrib war.
  24. Du hues missen e Fax vun engem Matschüler geschéckt kréie wann s du däin Heft an der Schoul vergiess has fir deng Aufgaben ze maachen.
  25. Wou s du kleng waars, an du wollts e Lidd op Kassetten hunn, hues du dir et missen um Radio bestellen an hues gewaart bis et gelaf ass fir et opzehuelen.
  26. Am Bus hues de missen op däin Discman oppassen dass e net ze vill wackelt, soss has de e Sprong am Lidd.
  27. Et war zimlech opwänneg, wann s de wollts lafe goen a Musek dobäi lauschteren.
  28. Du waars awer deen aller Coolsten aus der Klass wanns de een Anti-Schock Discman has. Endlech konnts de däi Space Jam Soundtrack am Bus lauschteren ouni Ënnerbriechung. Souvill Gedeessems beim Discman an awer goufen et Walkmans déi e konnt mat an d’Dusch huelen.
  29. Du has kee Spinner, mee Jicken, Sticker Alben, Poggs a Suckelen.
  30. Tetris a Super Mario war 100 Mol besser wei Candy Crush an do konnt een sou laang spille wéi ee wollt ouni mussen ze bezuelen.
  31. Däin éischte Pak Zigarette huet zwar net geschmaacht mee en huet 60 Frang kascht, hat keng ofschreckend Krankheetsbiller drop, mee e schéine Logo.
  32. Du hues dech moies mat „waazzzzaaaaaaaaaaaaaa!“ begréisst, an als Fubu has de eng Kangol Kap un hues de eng eegen Tapp erfonnt déi op mannst 6 verschidden Etappen hat.
  33. Du konnts dir kee Bad and Mad Pullover leeschten a bass also op Tréier an de New Yorker gefuer dir eng Fishbone Versioun kafen.
  34. Du waars e gudde Gastgeber wann s de fir den Apero e gudde Monaco oder e Bacardi Breezer a Mini Wini Würstchen zerwéiert hues.
Related topics 90er, Nostalgie, Top
Next post Previous post