Search

You may also like

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
Neiegkeeten

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
Neiegkeeten

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

„Wat heescht hei Léift?“ um 11. November am Escher Theater
Neiegkeeten

„Wat heescht hei Léift?“ um 11. November am Escher Theater

„Wat heescht hei Léift?”, huet de Berliner Kanner- a Jugendtheater

A firwat net Polizist ginn

Déi zweet aussergewéinlech Rekrutementscampagne vun der Police ass un de Start gaangen

A firwat net Polizist ginn

Et feelt dem Land u Polizisten, an de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng), hat jo scho widderholl drop higewisen, datt ee weider beméit ass d‘Personaldecken de Besoine vum Terrain unzepassen. Mat dëser zweeter aussergewéinlecher Rekrutementscampagne, sollen nach emol 200 Kandidate fir déi nächst Sessioun (Mee 2022) fonnt ginn.

De Minister huet bei der Presentatioun vun der Campagne engersäits dro higewisen, datt Polizist ee wäertegen an attraktive Job ass. Hien hätt sech rezent, mat Vertrieder aus der Chamber an nach emol mam Premierminister, an der Policeschoul ëmgekuckt, an konnt sech esou vum ganz gudde Fonctionnement perséinlech iwwerzeegen. Et wier ersiichtlech, datt d‘Schüler ganz zefridde sinn.

Police© Martine de Lagardère / moien.lu

Et gouf jo och am Kontext vun der éischter Rekrutementscampagne d‘Altersgrenz opgehuewen, wat eng interessant Dynamik mat sech bruecht hätt, a fir Villfalt Suerg dréit. Alles allem sollen et jo um Enn eng 600 nei Beamten an nach emol ronn 250 zivil Mataarbechter sinn, déi am Programm bis 2025 sollen d‘Police verstäerken. Hie begréisst och den héijen Undeel u Fraen déi sech mellen.

Här Direkter dir hutt d‘Wuert

De Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz huet drop higewisen, datt seng Leit zanter der Reform vun 2018, trotz de Penurie u Beamten, eng gutt Aarbecht leeschte wollten an och geleescht hunn. Dofir war sech intern nei opgestallt ginn, an et war méiglech effizient ze schaffen. Besser wier et natierlech, wann sech d‘Polizisten op hir Kär-Aarbecht kéinte konzentréieren, an eppes manner mat administrativem misste ploen. Dofir op zivil Personal an extern Mataarbechter gesat.

Police© Martine de Lagardère / moien.lu

Eng administrativ Entlaaschtung dréit och zu enger moderner Police bäi, firwat d‘Verstäerkung déi gefuerdert gëtt och kee „Beamte mimimi“ ass, mee eng absolutt Noutwennegkeet ass, och bezunn op d‘Departe vun den eelere Kolleegen, déi an d‘Pensioun ginn. Zudeem brauch et méi Leit, fir net weider „Aarbechtsstonneméisseg“ op Uschlag ze fueren. Hien erhofft sech mat Zouversiicht, datt déi nei Rekrutementscampagne, esou erfollegräich wäert ginn, wéi dat mat der éischter de Fall war.

Als éischt muss de Retard opgeholl ginn

Den Alain Engelhardt, Direkter fir zentral Strategie a Performance, huet eppes Detailer zu der aktueller Sessioun ginn, wou déi éischt Stagiaire schonn am Januar 2022 sollte vereedegt ginn. Bei der virechter Rekrutementscampagne waren 203 Kandidaten ugeholl ginn, nëmmen een huet d‘Bengele bei d‘Tromm gehäit. Dat ass wuel och scho Beweis genuch, datt d‘Leit motivéiert sinn. Am Abrëll 2023 ass deenen hir Formatioun dann och ofgeschloss. D‘Problemer awer bleiwen.

Police© Martine de Lagardère / moien.lu

Sécher, et verschlëmmert sech näischt, mee et gëllt ze bedenken, datt eleng 2022 eng 40 Mann an d‘Pensioun goe wäerten. Domadder erkläert sech dann och déi zweet aussergewéinlech Campagne. Hien erhofft sech och, datt déi esou erfollegräich wéi déi éischt verleeft, weess awer datt et dës Kéier eng gréisser Erausfuerderung dierft sinn, firwat et net vu Muttwëll ass, proaktiv an dëser Campagne virzegoen. Do sinn awer all déi intern Stellen elo erausgefuerdert, awer och motivéiert

Wou dir iech informéiere sollt

De Responsabel vun der Kommunikatioun Fränk Stolz, huet no de villen Erklärungen dann awer d‘Campagne als Solches presentéiert. Am grousse Ganzen ass et eng klassesch Mediecampagne, déi sech awer méi op den Alldag vun de Beamte konzentréiert. Et ginn déi eege Plattformen (Facebook, Instagram a YouTube) agebonnen. Dozou gesellt sech nach eng gréisser Aktioun mat Plakater an de Bushaisercher, de Garen an natierelch alle Kommissariater a soss Plazen, déi gewëllt sinn dës Aktioun ze ënnerstëtzen. Lafe soll d‘Campagne dann och vum 18. Oktober bis den 3. November.

Police© Martine de Lagardère / moien.lu

Als privilegéierte Mediepartner gouf d‘Jugendsektioun vu Bertelsmann/RTL, den Eldoradio mat an d‘Boot geholl. Eng gutt wiel, hei dierft d‘Zilpublikum vun dëser Campagne d‘Oueren opstoen hunn an zumindest wëssen, datt sech do Opportunitéiten ubidden. Wien elo hei gelackelt ass scho méi gewuer ze ginn, sollt sech der Internetsäit „police.lu“ unhuelen, wou hien all déi Informatioune sollt fannen, déi hie sicht. Wéi gesot… et ass wuel een usprochsvolle Beruff, mee ee mat Aussichten.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Henri Kox, Job mat Zukunft, Philippe Schrantz, Police, Zesumme fir Iech
Next post Previous post