Search

You may also like

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“
Neiegkeeten

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018

money
Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten
Neiegkeeten

Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten

Um haidege Méindeg huet China entscheet, Strofsteieren op 128 amerikanesch

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen
Neiegkeeten

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen

Fir eng éischte Kéier duerft déi jeck Stad Köln Deel

Wien dierf a Lëtzebuerg areesen?

Wien dierf a Lëtzebuerg areesen?

De Baussen- an Europaminister geet der Recommandatioun 2020/2169 vum Rot vum 17. Dezember 2020 no an huet elo seng Lëscht u Länner, aus deenen Bierger ouni Restriktiounen areesen dierfen, aktualiséiert.

An dësem Kader ass Uruguay vun der Lëscht geholl ginn, wouduerch hir Bierger net méi a Lëtzebuerg areesen dierfen. All Residenten vun den hei drënner genannte Länner, ass et weiderhin erlaabt op d’Gebitt vun der EU anzereesen an op hire Wunnuert zeréckzegoen. Dëst ass onofhängeg vum Grond vun hirer Arees.

Staatsbierger vu folgenden Drëttstaaten ass d’Arees bis den 31. Mäerz 2021 inclus erlaabt:

  • Australien;
  • China, Hong Kong, Macao (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau);
  • Japan;
  • Neiséiland;
  • Ruanda;
  • Singapur;
  • Südkorea;
  • Thailand.

Fir e puer Ausname besteet eng Obligatioun en negativen Test bei der Arees virzeweisen. EU-Bierger mussen keen negativen Test presentéiere kënnen.

Weider Informatioune ginn et op covid19.public.lu.

Related topics Arees, areesen, Baussen- an Europaministère, Covid-19, Lëscht, Lëtzebuerg, negativen Test, Uruguay
Next post Previous post