Buchtipp: A mengem klengen Häerz

« A mengem klengen Häerz » ass e Buch vum Fransous Jo Witek. Déi lëtzebuergesch, iwwersate Versioun vum Christiane Kremer ass bei Kremart oder an de Bicherbutteker ze fannen.

Et ass e Buch, wat mech no all dëse Joren nach ëmmer beréiert, dobäi geet et ënnert anerem ëm d’Emotiounen an d’Gefiller vu Kanner. Et ass en einfacht Buch, wat allerdéngs duerch seng wonnerschéin Illustratioune schwéier ze vergiessen ass.

D’Buch weist hei de Wee fir Gefiller op ënnerschiddlech Aarten ze entdecken; et ass net nëmme fir Kanner léierräich. Och Erwuessener kënne vun der Geschicht déi tëscht den Zeile steet, profitéieren. Dobäi geet et ëm Freed, Traueregkeet, Roserei oder Angscht. An natierlech Léift.

Dës Emotiounen, déi Kanner ongeféier ab 3 Joer identifizéiere kënnen, ginn hei an dëser wonnerbarer Geschicht behandelt. Fir datt Kanner hier Gefiller uerdentlech ausdrécken a gläichzäiteg verbaliséiere kënnen, muss ee fir d’éischt hier tëschemënschlech Fäegkeeten fërderen.

Heiansdo denke mir villäicht, datt dës Aufgab ze schwéier fir si ass – dobäi läit et awer haaptsächlech un eis – well mir selwer net an der Lag sinn, eis eegen Emotiounen ze bewältegen. Ma dëst Buch an d’Aarbecht mat de Kanner gëtt eis d’Méiglechkeet och besser mat eisen Emotiounen eens ze ginn.

D’Häerz ass voller Gefiller; se si lues, haart an heiansdo bal net ze spieren. D’Buch ass net nëmme gutt, mee eenzegaarteg illustréiert, den Text ass kuerz. Onverkennbar. A voller Poesie.

Ass et e Kannerbuch? Do sinn d’Meenunge gespléckt, et kann nämlech och e schéint Buch an ee léiwe Kaddo fir all Mënsch sinn.

A mengem klengen Häerz beréiert enorm – a ganz besonnesch e Mammenhäerz!

Dernières nouvelles