Search

You may also like

Ee Bam fir d‘Liewen
Meenung

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun

Wien: Rettung vum iraneschen Atomofkommes ausgesat
Meenung

Wien: Rettung vum iraneschen Atomofkommes ausgesat

Gëschter hat et eng nei Ronn zur Rettung vum iraneschen

Neies vum SNJ: „Maach ee Video“
Meenung

Neies vum SNJ: „Maach ee Video“

Et ass schonn déi néngt Editioun vum Video-Concours „Ram“ deen

A Poil

E Kommentar

A Poil

Hoer. Mir hunn der um Kapp an um Kierper, an verschiddener hunn der och ob der Zong. Männer loossen sech och mol en Baart wuessen oder hunn eng laang Mään. Obwuel och kuerz Coupen bei Fraen haut méi gängeg sinn, hunn Fraen awer allgemeng keng Hoer un den Been oder ënner den Ärem. Kierperhoer bei Fraen sinn nach ëmmer en Taboo. Fraen ginn jo net duerch d’Pubertéit. Den Changement geschitt einfach esou vun engem Dag ob den aneren. Hu mer jo all an der Bio ob der 7ieme geleiert.

Hoer wuessen an der Pubertéit, esou ëm dat 12 – 14 Liewensjoer. Do sinn mer nach net wierklech Erwuessen, mee éischter nach e Kand. Kierperhoer sinn also éischter en Zeechen vu Kandheet wei vun Jugend. Frae ginn jo am allgemengen infantlisieiert, wei och am Language, (‘Girl/Mademoiselle’ am Platz vun ‘Woman/Madame’). Et ass Vulnerabilitéit esou wei Dënnheet Schwächt ass.

An den 50/60er Joren, waren d’Fraen eben ëmmer ënnert der Kontroll vun engem Mann. Fir t’eicht den Papp, dann vum Mann. Wat d’Fraen méi Rechter kruten, wei zb. Wahlrechter etc, ass parallel dat Bild vun der jonker, duusser Fra gewuess. Fraen kruten méi Fräiheet, also ginn se engem méi strikten Schéinheetsideal ausgesat. Dënn, duuss an ouni Hoer. Maquillage an den 20er Joren. Epilatioun am 2ten Weltkrich etc.

Des Schéinheetsidealer sinn eng Method fir Fraen ze kontrolléieren. Mir quälen eis fir an des sozial Normen ze passen, well mer gesot kréien, dass eisen natierleche Kierper net genuch ass. Mir hunn Angscht dass wann mir eis net upassen wat mer dann verléieren. Et wëll jo och keen en Aussesäiter sinn.

Wa mer eis schummen, konsuméieren mir fir eng Léisung ze fannen. Wa mir eis schummen, bleiwen mir roueg an kleng. Wa mir eis schummen stellen mer de System, an deem mir all gefaangen sinn, net a Fro.

Fraen déi sech net raséieren ginn net nëmmen als liddereg ugesinn, mee och als ondisciplinéiert, als onofhängeg an als aggressiv. Fraen, déi net follegen, si jo och eng Gefor fir d’Patriarchat. Wei d’Naomi Wolf an sengem Buch The Beauty Myth schreift: “Women who love themselves are threatening; but men who love real women, more so.”

Ech perséinlech fannen all déi Schéinheetsidealer eng onnéideg Limitatioun an déi ganz Iddi vun Weiblechkeet a Männlechkeet lächerlech. Mir kréien vun Gebuert un gefiddert wei mer sollen sinn, an wat mer sollen wëllen. Dat radikalst wat ee maachen kann, ass, mat sech selwer frou ze sinn.

Ech hu fir d’Lescht am Februar eng Gillette ugepaakt. Et kascht mech manner. Mee virun allem fillen ech mech besser, an dat ass jo och dat wichtegst. Lo muss ech just nach meng Soutienen aus der Fënster geheien!

Related topics Gender, Idealer, Weiblechkeet
Next post Previous post