Search

You may also like

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss
Business Neiegkeeten

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi

Google bréngt eis näischt
Business Neiegkeeten

Google bréngt eis näischt

De Kaf vun Terrainen, en Ufank vun enger Geneemegungsprozedur, Spekulatiounen

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie
Business Neiegkeeten

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie

Zanter Mëtt-Abrëll ass d‘Handwierkerkummer alarméiert, wéinst der Penurie béi de

A wat bezuele mir esou fir den Handy?

Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut verzeechent eng Baisse bei den Offeren zu de mobille Servicer

A wat bezuele mir esou fir den Handy?

Bezitt ee sech op de leschte Bericht vum Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) da verbraucht am Duerchschnëtt ee Resident net iwwerdriwwe vill Datevolumen. Esou wéi vum ILR duergestallt gëtt, wieren datt a Form vun Telefonskommunikatiounen: 133 Minutte fir Inlandsgespréicher, 23 Minutte fir Auslandsgespréicher. Et ginn nach 40 Textnoriichte verschéckt a 4,74Gb „versurft“…

Alles an allem wëll den ILR sechs Konsumenteprofiller lokaliséiert hunn, déi vu P1 (ganz wéineg) bis P6 (iwwerdriwwe vill) ënnerschiddlech belaascht ginn. Dat bëllegst un Offer wat engem laut ILR gebuede gëtt, ass en Abo fir 10 Euro. Doranner sinn abegraff 3Gb Internetgedéngens an 1.000 Eenheete fir unzeruffen oder ze texten. Mee och wie „méi“ brauch kann eng gutt Offer fannen.

Laut dem ILR, huet et eng Offer vill déi méi gurmangseg: 5Gb Internet, 500 SMS, zéng Stonnen Inland- an eng Stonn Auslandsgespréich géif et schonn ab 20 Euro ginn. Bei 10Gb klëmmt déi beschten Offer dann op 29 Euro. Kléngt net no vill, woubäi een dës Offer och ëmmer sollt mussen a Relatioun mat der Kafkraaft setzen. Richteg ass awer, datt d‘Präisser allgemeng eppes gefall sinn.

Jee nodeem wéi engem Profil een entsprécht, huet een eng Baisse tëscht 18,4 a 41,2% notéiert, wat d‘ILR zur Ausso notzt, fir ze behaapten datt de 5G net wei gefaart, zu enger Hausse vun de Präisser féiere géif. Et wier dann och am Interessi vum Utilisateur sech um lafenden ze halen, a säi Vertrag entspriechend dem Besoin an den Offeren auszesichen. Dat ass allerdéngs nees opwänneg…

Illustratioun: © Robin Worrall / unsplash

Related topics Handy, ILR, Internet, Mobilitéit, Smartphone, Tablett, Telefonie, Telekommunikatioun
Next post Previous post