Search

You may also like

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal
Neiegkeeten

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Duerch de Bevëlkerungswuesstem muss an den nächste Joren och de

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert
Neiegkeeten

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert

An hirer Europa-Ried zu Berlin huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
Neiegkeeten

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

A wou komme mir dann hir?

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land iwwert d‘Autobunnen duerchschleist ginn. Dat ass mindestens esou illegal wéi moralesch verwerflech, mee d‘Brigangen ze pëtzen ass nawell net esou einfach wéi ee sech dat virstellt. Wéi ee Beamten op Nofro bestätegt huet, ass et zuweilen och ëmmer eppes mat Gléck verbonnen.

Op Gléck gëtt et keng Virbestellung, mee déi lescht Nuecht sollten d‘Stären sech an enger gelleger Konstellatioun erëmfonnt hunn. Et war kuerz no Mëtternuecht, wéi d‘Police informéiert gouf, datt sech op der „Aire de Capellen“ droleg Virgäng géifen zoudroen. Do wiere Persounen, déi sech offensichtlech hannert eng Heck verkroch haten, beméit gewiescht esou onopfälleg wéi méiglech als „Gäscht“ an ee Won ze klammen. Si haten sech awer schlecht ugeluecht…

Wéi d‘Police op der Plaz ukomm war, konnten d‘Beamten d‘Gefier mat de Leit séier lokaliséieren. No den éischten Ermëttlunge stoung dann och fest, datt et sech bei aacht Persounen ëm Flüchtlinge gehandelt huet. Eng weider Persoun gouf als „Schleiser“ verdächtegt, firwat d‘Staatsanwaltschaft hei huet missen ageschalt ginn. Déi huet d‘Beamte mat der Verhaftung vum Verdächtege beoptraagt an esou ass dësen och Zäitno dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.

Den Departement vun der Friemepolice huet den Dossier zwecks Enquête a weider Ermëttlungen zougedroe kritt. De Moien ass dann och deen am Ausseministère zoustännege Service informéiert ginn. D‘Gefier gouf am Kontext vun den Ermëttlunge vun der Police beschlagnaamt.

Illustratioun: Sech verstoppen oder versichen net opzefalen, och dat ass eng Konscht déi et ze beherrsche gëllt. © Toa Heftiba / unsplash

Related topics Aire de Capellen, Flüchtlingen, Migratioun, Police, Procureur, Schleiser, Untersuchungsriichter
Next post Previous post