Belsch: Eng Primm fir d‘Fleegepersonal
D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi
D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi
Nieft dem royale Besuch, hunn och de Verdeedegungsminister François Bausch an de Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, sech eng zweete Kéier bei de Militärfliger dirigéiert. Ma, fir d’Belsch ze representéieren sinn den Thomas Lambert, belschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg an de Generol-Major Marc Thys, Vize-Chef vun der belscher Verdeedegung, op d’Plaz komm.
No enger offizieller Usproch war et de Gäscht erlaabt, sech de militäreschen Transportfliger A400M, eng Maschinn vum Constructeur Airbus déi am andalusesche Sevilla zesummegebaut ginn ass, méi genee vu baussen a bannen ze inspizéieren.
Um 13. Juni 2001 hate Lëtzebuerg a d’Belsch eng militäresch Kooperatioun arrangéiert, bei där de Militärfliger A400M zum Asaz sollt kommen. Am Ganze sollen dobäi 8 Fligere an de binationale Repertoire kommen, wouvunner een Lëtzebuerg, déi aner 7 der Belsch gehéiere sollen.
Zil ass et sech mat de vergréisserte Kapassitéiten a weidere militäreschen Operatiounen ze engagéieren, sou wéi och bei der humanitärer Hëllef an der Krisegestioun ze agéieren.
Transportéiere kann d’Maschinn ganzer 25 Tonnen op 4.500 km, respektiv 17 Tonnen op 5.800 km. Eng maximal Laascht vu 37 Tonnen an 116 Passagéier ass zougelooss.
Wärend Lëtzebuerg de Spuerkont geplëmmt huet, këmmert sech d’Belsch ëm déi logistesch Ënnerstëtzung, d’Formatioun vun den Ekippen, d’Maintenance an zukünfteg Upassungen um Fliger an um Equipement. De Groussherzogtum stellt 3 Ekippe mat 6 Piloten (Offizéier) a 6 Ënneroffizéier zur Verfügung. Zënter 2017 ass ee Lëtzebuerger Offizéier an der Belsch aktiv, fir d’Ëmsetzung vum Projet ze verfollegen.
Soubal den Training ofgeschloss ass an d’Personal sech mam Militärfliger ugefrënnt huet, wäert d’Maschinn an den Asaz goen.
Billergalerie © EMA