Search

You may also like

Stoppt déi finanziell Ënnerstëtzung vun der industrieller Landwirtschaft a fërdert primär kleng an mëttelgrouss landwirtschaftlech Betriber
Neiegkeeten

Stoppt déi finanziell Ënnerstëtzung vun der industrieller Landwirtschaft a fërdert primär kleng an mëttelgrouss landwirtschaftlech Betriber

Greenpeace fuerdert vun der EU an de Memberlänner d‘Ënnerstëtzung vu

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!

De weltwäit bekannte Kach Jamie Oliver huet seng kulinaresch Karriär

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Vill Aarbecht fir den CET

Den Zenter fir Gläichbehandlung huet de Politiker de Joresbericht 2020 iwwerreecht

Vill Aarbecht fir den CET

Streng geholl géif et an dësem Kontext duergoe festzestellen, datt et däitlech méi Hëllef fir Affer vun Diskriminéierung gëtt an d‘Toleranz ofhëlt. Ganz esou einfach ass et dann awer net, a et muss ee sech de Bericht mat sengen Zuele schonn eppes méi genee unhuelen.

Bei der Presentatioun gëschter, ass vill mat Zuele jongléiert ginn, well déi – esou wuel déi gängeg Meenung – jo am beschten duerstellen, wéi sech an dëser Institutioun ugestrengt gëtt. De President Patrick Hurst hat dann awer net wierklech gutt Nouvellen. 19 Reklamatioune vun 2019 hunn nach an der Leitung gehaangen an 2020 gouf et därer direkt 184 neier. En neien traurege Rekord…

Schold schéngen d‘Virurteeler ze sinn, déi besonnesch an de sozialen Netzwierker, wou een éischter „onerkannt“ Fäkalsprooch an sonsteg Haassrhetorik verbreede kann. Et schéngt sech, esou gesäit et jiddefalls de CET-President, awer eppes ze doen. Entspriechend der Etüd déi den Zenter elo 2020 realiséiert huet, géifen d‘Leit awer ee gréissert Bewosstsinn, fir Diskriminatiounen entwéckelen.

Gläichbehandlung

Wat d‘Zuele betrëfft, esou sinn d‘Fäll zu 47% vu Männer, 38% vu Fraen a 15% vu Organisatiounen an/oder Eegeninitiative beim CET gemellt ginn. D‘Majoritéit vun de „Verstéiss“ si vu Persounen iwwer 51 Joer gemellt ginn. (Well beim CET d‘Geschlecht vun der Persoun notéiert gëtt, déi de Fall mellt, soen dës Prozenter näischt iwwert déi tatsächlech diskriminéiert Persoun aus. NvdR)

Nach ëmmer ass d‘Behënnerung dat am meeschte genannte Motiv zur Diskriminatioun (49), direkt gefollegt vun der ethnescher Hierkonft (44). Op Plaz dräi huet sech 2020 d‘Geschlecht placéiert. A ronn 51% vun den Dossiere konnt den Zenter dem Problem eng Léisung zouféieren, oder den Demandeur weiderreechen. 17% vun de Meldunge goufe vun den Demandeuren zeréckgezunn.

An 11% vun den Dossiere konnt een entweder keng Diskriminéierung feststellen, oder den CET ass net kompetent fir an der Matière aktiv ze ginn. 21% vun den Dossiere konnten net ofgeschloss ginn. De CET iwwerpréift och reegelméisseg d‘Aarbechtsofferen, de Patrick Hurst begréisst, datt d‘Zuel vun den diskriminéierenden Annonce weider ofhëlt. Et huet also vun allem eppes am Bericht…

Foto: Schonn den 1. Abrëll krut de Chamberpresident de Bericht, a kuerz Drop och d‘Ministesch Corinne Cahen. © CET

Internetsäit vum Zenter fir Gläichbehandlung

Related topics CET, Diskriminatioun, Zenter fir Gläichbehandlung
Next post Previous post