An den Tunnelle gëtt geschafft

De Méindeg, den 14. Mäerz fänkt dei éischt Reparatur- a Botzaktioun 2022 an den Autobunnstunnellen un. De Ponts et Chaussées féiert all Joer am Fréijoer an Hierscht esou eng Campagne duerch.

An dëse Campagnen geet et präventiv a kurativ ëm d’Maintenance vu Sécherheetsariichtungen sou wéi d’Botze vun de Maueren, de Kameraen, de Luuchten, asw. Et gëtt ënnert anerem reparéiert, gebotzt an Verschiddenes ersat.

Fir de Verkéier net ze vill ze belaaschten an ënner Berécksiichtegung mat anere Baustellen, gëtt zemools nuets an den Tunnelle geschafft. Dës Maintenance wäert bis Enn Oktober daueren.Déi geplangten Interventiounsdatummer sou wéi déi betraffen Tunnellen kënnen op der CITA– Websäit consultéiert ginn.

Dernières nouvelles