Search

You may also like

Bëschbränn a Kalifornien fuerderen éischt Affer
Neiegkeeten

Bëschbränn a Kalifornien fuerderen éischt Affer

Am US-Bundesstaat Kalifornien bekämpfen zur Stonn eng 12.000 Pompjeeën dräi

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren
Neiegkeeten

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren

De „Mieterschutz Lëtzebuerg“ hat et sengerzäit begréisst, datt d‘Regierung beschloss

Vum 29. Mäerz bis den 30. Abrëll: „La Big Collecte“ bei HIFI International
Neiegkeeten

Vum 29. Mäerz bis den 30. Abrëll: „La Big Collecte“ bei HIFI International

Wousst Dir, datt an der Moyenne jiddweree vun eis 10

Aarbechten am Tunnel Markusbierg un dësem Sonndeg (17.05.2020)

Aarbechten am Tunnel Markusbierg un dësem Sonndeg (17.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung wäert e Sonndeg, de 17. Mee 2020 vun 10:00 bis 17:00 Auer am Tunnel Markusbierg schaffen. Heibäi gëtt de Sécherheetsequipement am Tunnel ersat.

Duerch d’Aarbechte kënnt et zu folgende Spärungen:

  • Autobunn A13 a béid Richtungen tëscht Munneref (S12) an dem Echangeur Schengen (S13);
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Schengen (S13), wann ee vun der N10 (Schengen) kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz (A13) ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Munneref (S12), wann ee vun der N16 (Munneref, Elleng-Gare) kënnt an a Richtung Schengen ënnerwee ass.

Folgendermoossen gitt Dir ëmgeleet:

  • Den Trafic, deen aus Däitschland kënnt an a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Schengen (S13) iwwer d’N10 (Schengen), d’N2 (Réimech), d’N13 (Duelem) an d’N16 (Uespelt) ëmgeleet, bis op den Echangeur Altwis (S11) vun der Autobunn A13.
  • Den Trafic, dee vum Beetebuerger Kräiz (A13) kënnt en a Richtung Schengen ënnerwee ass gëtt ab dem Echangeur Munneref (S12) iwwert d’N16 (Elleng-Gare), d’N2 (Réimech) an d’N10 (Schengen) ëmgeleet, bis op den Echangeur Schengen (S13) vun der Autobunn A13.

Tunnel Markusbierg

Weider Informatioune fannt Dir op www.cita.lu.

Related topics Aarbechten, Beetebuerger Kräiz, Ëmleedung, Munneref, Schengen, Sécherheet, Spärung, Stroossebauverwaltung, Tunnel Markusbierg
Next post Previous post