Search

You may also like

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht
International Neiegkeeten

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,

surprise
Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen
International Neiegkeeten

Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen

Videospiller hunn et jo net ëmmer einfach. Oft stinn se

Wikipedia an der Tierkei gespaart
International Neiegkeeten

Wikipedia an der Tierkei gespaart

Wat am Ament an der Tierkei alles lass ass léisst

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung an éischter Linn aus enger politesch-ideologescher Ausriichtung vun enger Rei Parteien net méiglech. An engem Land wou net emol déi flammännesch Sozialisten déi selwecht Ziler wéi déi wallounesch verfollegen, an dann déi linguistesch Differenzen an de Populismus sech beschter Gesondheet erfreeën, soll et besser ginn.

„Et ass Zäit fir Neiwahlen“ huet dann elo och de President vun der belscher Aarbechterpartei PTB, Peter Mertens, an engem Communiqué wësse gelooss. De Spriecher vum PTB, Raoul Hedebouw huet indymedia géinteniwwer gemengt: „Et ass un der Zäit Stopp ze soen! Loosst ons nees Wiele goen“. Domadder ass de PTB nom Vlaams Belang déi zweet Partei déi Neiwahle fuerdert.

Fir de Peter Mertens steet fest: „Et ass ersiichtlech, datt déi traditionell Parteien nach ëmmer net d‘Bestrofung vum 26. Mee matkritt hunn. Dobäi sinn déi sozial Besoinen enorm an nom erneite scheitere vun de Verhandlungen, gënnen sech d‘Parteipresidenten emol vir unzefänken eng flott Fuesvakanz. Néng méint no de Wahlen hu se näischt Opweises, mee loossen sech et gutt ergoen“.

Wa gewosst ass, datt déi „aner“ Parteien et net wierklech mat der marxistesch ausgeriichter PTB hunn, esou wieren déi sécherleche gutt beroden, entweder ënnert enaner eens ze ginn, oder sech awer vläicht derzou duerchzeréngen, d‘Kommunisten un der Verhandlungsdësch erunzeloossen.

Aarbechterpartei„Amplaz eist Signal ze héieren, zéien et déi traditionell Parteie vir, eis 584.000 Wieler einfach ze ignoréieren. Mir hunn d‘Wahle gewonnen an si halen d‘Land als Geisel. Dobäi hunn d‘Bierger net fir d‘Deelung vum Land, mee fir eng nei an eng aner Politik hir Stëmm ofginn. Si wëllen d‘Eenheet a Sozialpolitik. Wann dat déi 10 traditionell Parteien net hikréien, braucht et elo Neiwahlen“.

An déi si sécher, zumindest wann ee sech betruecht, wat déi eng oder aner politesch Beweegung, ausser den hei genannten, schonn un Aktivismus vu sech gëtt. Nieft dem PTB an der faschistescher Vlaams Belang huet déi populistesch impregnéiert N-VA ugefaangen an de sozialen Netzwierker mat eppes Geld a gesponserten Inhalter op sech opmierksam ze maachen.

Ugangs leschter Woch hat de Kinnek Philippe sech nach emol mat de Parteivertrieder beroden, mee kee vun de Presidenten déi am Schlass opgeschloe waren, hu sech fir Neiwahlen agesat. Och dat kann ee verstoen… d‘Belsch gëtt ëmmer dann am beschte regéiert, wa kee regéiert. „Regierung“ dat ass Stress puer an et heescht et misst een dann och Verantwortung iwwerhuelen… Staarken Tubak.

mat indymedia/lgg/nam/anw

Illustratioun: © Alana Harris / unsplash

Related topics Aarbechterpartei, Belsch, N-VA, Neiwahlen, PTB, Vlaams Belang
Next post Previous post