Search

You may also like

Am Asaz virun der libescher Küst
Neiegkeeten

Am Asaz virun der libescher Küst

D’Schëff, ee gemeinsame Projet vu Sea-Watch e.V.; Dokteren ouni Grenzen

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)
Neiegkeeten

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)

Gëschter huet de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, de

surprise
Geldautomat zu Wëntger gesprengt
Neiegkeeten

Geldautomat zu Wëntger gesprengt

Am zesummenhang mat der Sprengung vun engem Geldautomat un der

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng

Wéi d‘Police matdeelt, huet sech gëschter Moien zu Déifferdeng, op engem Chantier an der Emile Mark Strooss e schwéiert Aarbechtsaccident zougedroen. Bei dësem Virfall sinn dräi Aarbechter deels ganz schwéier blesséiert ginn.

Laut den éischten Erkenntnisser, hätt sech aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach, eng Putter déi vun engem Kran ugehuewe gouf, geléist. Duerch dësen Ëmstand ass eng Wand agestierzt, an huet zwee Aarbechter aus siwe Meter Héicht mat an d‘Déift gerappt. Béid Männer goufen hei uerg blesséiert. En drëtten Aarbechter, deen sech och an dëser Héicht opgehalen huet, huet sengersäits keng Verletzungen erlidden.

Ee weideren Aarbechter, deen sech am Beräich vun der Mauer opgehalen huet, gouf vun den Trëmmer gläichfalls schwéier blesséiert. D‘Rettungsdéngschter ware séier op der Plaz an den Noutdokter huet déi blesséiert nach op der Plaz éischtversuergt iert dës an déi ëmleiend Spideeler iwwerstallt konnte ginn. D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) huet hirersäits ee Beamten op d‘Plaz delegéiert an och d‘Staatsanwaltschaft gouf informéiert.

Illustratioun: © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Aarbechtsaccident, CGDIS, Déifferdeng, ITM, Police, SAMU, Staatsanwaltschaft
Next post Previous post