Search

You may also like

Zerstéierung zu Mosambik: den Zyklon Idai fuerdert seng Affer
Neiegkeeten

Zerstéierung zu Mosambik: den Zyklon Idai fuerdert seng Affer

Méi wéi eng Woch ass et elo hir, dat den

11. Editioun vu Poetry Slam de Lux‘
Neiegkeeten

11. Editioun vu Poetry Slam de Lux‘

Déi internationaalst vun de Slam-Kompetitioune vu Lëtzebuerg ass nees zréck.

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt
Neiegkeeten

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt

Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Veianen

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Veianen

Béi Aarbechten un der Seelbunn zu Veianen, ass en Techniker vun der Gemeng de Moie mat enger Gondel aus enger Héicht vu bal 25 Meter erofgefall. D‘Police deelt mat, datt de Mann mat der Gondel op eng Terrasse vun engem Privathaus gefall wier.

D‘Rettungsdéngschter wiere séier op der Plaz gewiescht a konnten dem Mann, deen uspriechbar war, éischt Hëllef leeschten, iert dësen dunn an d‘Spidol iwwerstallt ginn ass. Fir d‘Dauer vum Asaz huet d‘Strooss vum „ale Maart“ misse gespaart ginn. Zanter 10 Auer awer ass nees fir de Verkéier op. D‘Aarbechtsinspektioun ITM an d‘Staatsanwaltschaft sinn iwwert de Virfall informéiert ginn.

Illustratioun: © Syndicat d‘Initiative de Vianden Asbl

Related topics Aarbechtsaccident, ITM, Police, Seelbunn, Staatsanwaltschaft, Vianden
Next post Previous post