Search

You may also like

Exit-Covid19: Dänemark versicht et
Neiegkeeten

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Den Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

ACL: Eng flexibel Vakanz waart op Iech!
Neiegkeeten

ACL: Eng flexibel Vakanz waart op Iech!

Ab elo bitt de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) säin neie Service

De Staatsrot presentéiert sech an neier Zesummesetzung
Neiegkeeten

De Staatsrot presentéiert sech an neier Zesummesetzung

Am Staatsrot ginn et zënter gëschter e puer Ännerungen. Mir

D‘Aarbechtsinspektioun an d‘Pandemie

D‘Aarbechtsinspektioun an d‘Pandemie

Zanter dem Ufank vun der Pandemie ass d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) mat um Dill an hir Beamte befaassen sech nieft den übleche Kontrollen, déi jo bäibehale goufen, och schwéierpunktméisseg mam Infektiounsschutz. Aus enger schrëftlecher Stellung vum Aarbechtsminister geet elo ervir, datt d‘ITM eng Rei verstéiss festgestallt huet.

Zu Lëtzebuerg gëtt et wäit iwwer 35.000 Entreprisen an wuel och wäit iwwer dausend Chantieren, wat déi tëscht dem 18. Mäerz an dem 31. Dezember duerchgefouert 2.102 Kontrollen, wuel net a Fro stellt, dofir awer weist wéi mat der Sécherheet generell ëmgespronge gëtt. Laut dem Minister Dan Kersch (LSAP) wiere bei dëse Kontrollen 356 Verstéiss festgestallt ginn. Dat sinn der, bezunn op all d‘Kontrollen, schonn eppes vill.

Bei engem Drëttel vun de Verstéiss goung ëm et feelend Sécherheetshiweiser, an engem vu fënnef Betriber huet et keng oder net genuch Hygiènesartikel (Seef, emol benotzbar Handdicher, an/oder Desinfektiounsmëttel). Am Bau haten sech zudeem 18 Entreprisen net un de vum 20. Mäerz bis den 19. Abrëll verhaangene Confinement gehalen. Zu de Strofe/Verwarnunge betreffend dës Verstéiss goufe keng Angabe gemaach.

Illustratioun: © Atoms / unsplash

Related topics Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsminister, Aarbechtssécherheet, Covid19-Pandemie, ITM
Next post Previous post