Beim STATEC huet een och esou seng Suergen
Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend
Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend
D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech
Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner ass den Aarbechtslosentaux op 9,3% erof. Esou déif, wéi säit Mäerz 2009 net méi. Fir d‘EU28 ass d‘Quot op 7,8% erof, den Déifstand säit Dezember 2008.
A plakegen Zuele rechent Eurostat mat insgesamt 19,121 Milliounen aarbechtslose Fraen a Männer. Tëscht Mäerz an Abrëll wieren 253.000 Persoune manner aarbechtslos gewiescht.
Déi niddregst Aarbechtslosentauxe konnten am Abrëll Tschech Republik (3,2%), Däitschland (3,9%) a Malta (4,1%) verzeechnen. Griicheland (23,2 am Februar) a Spuenien (17,8%) hu weiderhin déi héchste Quoten.
A 27 Memberstaate sinn d‘Quoten am leschte Joer erof gaangen. A Wee sinn déi gréisste Gewënner? Kroatien (vun 13,7 op 11,0%), Spuenien (vun 20,4 op 17,8%) an Irland (vun 8,4 op 6,4%).
Lëtzebuerg ass laut dëser Statistik op 5,9%. Virun engem Joer waren et der nach 6,4%.
Bei der Jugendaarbechtslosegkeet kommen awer erëm däischter Wolleken op. Déi läit op 16,7% an den EU28. Am Verglach zu 2016 mat 19% ass et wuel eng positiv Entwécklung, mee d‘Zuele si virun allem a Griicheland (47,9%), Spuenien (39,3%) an Italien (34,0%) Besuergnes erreegend.
Quell: Eurostat