Search

You may also like

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)
Neiegkeeten

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet gëschter den Dr

D’Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“ bléckt op erfollegräich Deeg zeréck
Neiegkeeten

D’Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“ bléckt op erfollegräich Deeg zeréck

Vum 27. Mäerz bis den 11. Abrëll 2021 huet d’Expo

De Wanter kënnt… elo!
Neiegkeeten

De Wanter kënnt… elo!

Bei allem Misär, onverständleche Covid19-Gesetzer, enger scho presenter Wirtschaftskris an

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

Och wann op ville Plazen d’Jugendaarbechtslosegkeet weider héich bleift

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass op mannst positiv: Am Euroraum ass d’ Aarbechtslosequot am November op 8,7% erof, an der EU 28 läit se op 7,3%. An den EU28 ass dat am Verglach zum Oktober 2017 eng Verbesserung vun 0,1% an op e Joer gekuckt vun 1,0%.Beim Euroraum ass d’Beweegung op e Joer gekuckt nach méi grouss, do waren et der 9,8% am November 2016.

De Schätzunge vun Eurostat no waren am November 2017 18,116 Millioune Persounen aarbechtslos, dovunner der 14,263 Milliounen am Euroraum. Insgesamt sinn dës Zuelen am Verglach zum Mount virdrun ëm 155.000 Persounen erof gaangen. Am Verglach zum Joer virdrun sinn et der 2,133 Millioune manner.

Lëtzebuerg verfeelt mat enger Aarbechtslosequot leider knapp d’Top Ten a lant op der 11. Plaz mat 5,5%

Eurostat stellt dann och fest, datt an alle Memberstaaten d’Aarbechtslosequoten am Joresvergläich erof gaange sinn. Dat änner näischt un de relativ héije Quoten a Griicheland (20,5% am September) a Spuenien (16,7). Besonnesch d’Jugendaarbechtslosegkeet huet deelweis nach erschreckend héich Quoten: A Griicheland (39,5% am September 2017), Spuenien (37,9%) an Italien (32,7%) sinn se do am héchsten. An den EU28 leien se bei 16,2%, wat ëmmerhin zwee Prozentpunkte manner sinn, wéi am Joer virdrun.

Related topics Aarbechtsmaart, EU, Europa, Lëtzebuerg
Next post Previous post