Search

You may also like

Irland huet (endlech) eng nei Regierung
Neiegkeeten

Irland huet (endlech) eng nei Regierung

Véier Méint huet sech déi politesch „Patt-Situatioun“ gehalen. Elo endlech

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag
Neiegkeeten

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag

Musikalesch Talenter opgepasst: Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier vu senger

Wann et der einfach net gelénge wëll
Neiegkeeten

Wann et der einfach net gelénge wëll

Gëschter Owend huet de BoJo säin éischte politeschen Armageddon iwwerstanen,

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché

Mee et ginn awer e puer Wolleken um Himmel

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché

Et kommen erëm gutt Noriichten vum Aarbechtsmaart. D’ADEM stellt an hirer Pressematdeelung fest, datt zum 31. Dezember just nach 17.283 Persounen bei hinnen ageschriwwe waren. Dat sinn 839 Persounen, also 4,6%, manner, wéi am Joer virdrun. Woumat d’Aarbechtslosequot op 5,8% fällt.

Wien profitéiert am Moment am meeschte vun enger Baisse? Laut der ADEM sinn et virun alles déi ënnert 30 Joer, wou 8,6% manner eng Aarbecht sichen. Awer och bei de wéineg qualifiéierten ass eng Baisse ze fannen, och wann se mat 7,6% manner net grad esou héich ass. Besonnesch vill Suerge maachen engem déi, déi scho mi laang aarbechtslos sinn. Mee och hei konnt e Réckgang vu 7% festgestallt ginn. Och goufen am Dezember 2017 méi Plazen gemellt, wéi d’Joer virdrun am gläiche Mount: 2.122, sief eng Steigerung vun 8,7%.

Aner Gruppen profitéiere leider net an dësem Kontext, während d’Zuel vun de Leit, déi an Aarbechtsmesure sinn, stabil bleift

Leider ginn et net nëmme positiv Noriichten. Vir Aarbechtsloser iwwert 45 ass de Réckgang mi kleng (nëmmen 1% manner) a bei den Demandeuren mat Diplomer aus dem enseignement supérieur klammen d’Zuelen ëm 3%.

Stabil bleift d’Zuel vun deenen, déi an enger Aarbechtsmesure sinn. Dëst sinn der aktuell 4.852. Duerch eng Gesetzesännerung am August 2017 ass allerdéngs d’Zuel vun de Stagen erop gaangen. D’Zuel vun de Fräiwëllegen huet sech op e Joer verdräifacht. D’Zuel vun den temporäre bezuelte Beschäftegungen ass dogéint ëm 30% erof gaangen.

Related topics Aarbechtslosegkeet, Aarbechtsmarché, ADEM, Lëtzebuerg
Next post Previous post